Hinzert

Eis zwou Klassen 5AD5 an 5AD6 hunn de 4. Juli 2024 eng pedagogesch Visitt an d’SS Sonderlager Hinzert ënnerholl.
D’Schüler hunn dem Guide, deen iwwert de Lageralldag an den Terror vun den SS erzielt huet, ganz interesséiert nogelauschtert. Et ass och fir si ganz emouvant gewiescht d’Gedenkstätten am Bësch ze besichen, wou Lëtzebuerger Jongen ermort gi sinn.

Eise Schüler e grousse Merci fir hiren Asaz an hiren Interessi.

Fotoen
Retourner