Halloween Liesnuecht

An der Nuecht vun e Freiden op e Samschde virun der Allerhellegevakanz war am Lycée des Arts et Métiers um Site Lampertsbierg 🏫 eis éischt Halloween-Liesnuecht 🎃, organiséiert vun der Bibliothekärin Tanja Klein, den Enseignantë Fanny Bichler, Nora Bohler, Laurence Faltz an Isabelle Junck an dem Educateur Ruben Dantas 🧟🧟‍♀️.

Mat der Ënnerstëtzung vun der DC3DC, der 4TPTI an der 2GACV1 hu si schon am Virfeld fir eng “spooky” Ambiance 🕷🕸 am Lycée gesuergt.

Sou war alles prett fir eng schaureg Nuecht 👀!

D’Schülerinnen an d’Schüler vun der 7e hunn ënnert anerem eng Schnitzeljuegd duerch de CDI gemaach, Horror-Haikus geschriwwen, eng grujeleg Geschicht gelauschtert 👻, Pizza 🍕 an der Proffekonferenz giess an an der Sportshal geschlof.

🎃 Wéinst dem Succès vun dëser éischter Editioun wäert et bestëmmt net déi lescht Halloween-Liesnuecht bleiwen!

Fotoen
Retourner