Gilles KOLBET
Wat oder wien huet Iech op d’Iddi bruecht fir Bicher ze schreiwen? Wéi al waart Dir dunn?
Ech hu schonn ëmmer gäre Geschichte mat mengen Schüler an der Schoul geschriwwen. Selwer ugefaangen hunn ech am Joer 2018 wou dunn och mäin éischt Kannerbuch „Op der Rull“ erauskomm ass.
Wéi kritt Dir Är Iddie fir Bicher ze schreiwen? Wat inspiréiert Iech?
Ech huele mir d’Iddie gréisstendeels aus dem Alldag, sief et als Enseignant an der Schoul oder och privat Erliefnisser déi mech motivéieren eng Geschicht dorauser ze maachen.
Wéi ent vun Äre Bicher ass Ärt Liblingsbuch? Firwat?
Amfong sinn ech stolz iwwert all Buch wat ech bis elo erausbruecht hunn, well all Buch seng eege Geschicht erzielt. Een wierklecht Liblingsbuch hunn ech deemno „nach“ net;).
Wat gefält Iech am beschten um Schreiwen?
Am Schreiwen gefält mir am beschten déi kreativ Fräiheet, déi et mir erlaabt, Gedanken, Gefiller a Geschichten op eng ganz eenzegaarteg Aart a Weis auszedrécken. Et ass och spannend, Wierder a Sätz esou ze setzen, dass se eng Stëmmung oder Iddi verstäerken oder eng bestëmmten Reaktioun ausléisen.
Iwwert wéi en Thema schreift Dir am léifsten?
Am léiwsten iwwert Themen déi mir als Enseignant wichteg sinn, de Kanner méi no ze bréngen. Am Buch Pantastesch – De Kampf ëm d’Kroun geet et ënner anerem ëm d’Frëndschaft mee och dorëmms éierlech mat sech selwer ze sinn.
A wéi enger Sproch schreift Dir am meeschten?
Ech schreiwen am meeschten op lëtzebuergesch.
Wou ass Är Liblingsplaz fir ze schreiwen a fir nozedenken?
Meng Liblingsplaz fir ze schreiwen an nozedenken ass eng, wou et roueg ass an ech mech gutt fokusséiere kann sief et beim Trëppeltour mam Hond oder eben an der Vakanz.
Wien wëllt Dir mat Äre Bicher erreechen?
Natirlech well ech mat de Kannerbicher, d’Jugend arrechen an hinnen verschidden Themen/Wäerter méi no bréngen.
An engem Kannerbuch ass d’Roll vun den Illustratiounen och immens wichteg. D’Biller bréngen d’Geschicht zum Liewen, an erméiglechen de Kanner, sech besser an d’Geschicht anzebauen a mat de Personnagen ze identifizéieren.
A wat fir enge Fächer muss ee gutt sinn, fir Schrëftsteller ze ginn?
Menger Meenung no ass et net esou wichteg, spezifësch Fächer an der Schoul ze maachen, mee méi d’Fäegkeet an virun allem d’Loscht hunn fir seng Gedanken/Ideeën opzeschreiwen.
Wéi denkt Är Famill iwwert Är Bicher? Wat sinn hir Liblingsbicher?
D’Famill ass natierlech immens stolz iwwert d’Bicher déi ech bis elo rausbruecht hunn. Den éischten Androck kréien ech meeschtens vun mengen zwee Kanner déi mir dann ëmmer ganz éierlech soen ob hinnen d’Buch gefällt oder net, an huelen do och keen Blat virun de Mond;).
Hutt Dir schonn eng Iddi fir Ärt nächst Buch?
Ech hu schonn e puer Ideeën fir ee Kannerbuch, elo muss ech allerdéngs kucken a wéi wäit déi Ideeën sech weiderentwéckelen an ob dorauser dann ee Buch entsteet.
Wat ass Är Meenung zu digitale Bicher (Kindle asw.)?
Ech fannen, dass digital Bicher eng ganz praktesch a bequeem Léisung ubidden.
Plattforme wéi Kindle erméiglechen et jo, vill Bicher an engem kompakte Format mat sech ze droen, wat besonnesch op Reesen e groussen Avantage ka sinn.
Perséinlech liesen ech selwer gäre mam Kindle, sinn awer och frou mol ee „richtegt“ Buch am Grapp ze hunn.
Wéi fannt Dir d’Jugend vun haut?
Als Enseignant sinn ech jo all Dag mat der Jugend zesumme wat mir nach ëmmer vill Freed mécht.
D’Jugend vun haut ass immens villfälteg, si wunnen och an enger Welt, déi staark duerch d’Technologie gepräägt gëtt an d’Interaktioun mat der Welt ass méi direkt wéi jee virdrun. Ech mierken, dass si mat méi Informatiounen konfrontéiert sinn, wéi nach zu menger Zäit. Dëst stellt ënnerschiddlech Erausfuerderunge fir déi Jonk wat net ëmmer einfach ass. /
Est-ce difficile de se faire connaître dans d’autres pays?
Natierlech ass et méi schwéier, grad wann een op lëtzebuergesch schreift, am Ausland bekannt ze ginn. Mir sinn hei dach awer an engem méi klengen Ëmfeld par rapport zu eisen Noperen ,wat allerdéngs och seng Virdeeler huet.
Connaissez-vous la fin de l’histoire quand vous commencez à l’écrire?
Meeschtens net, d’Geschicht entwéckelt sech oft a verschidde Richtunge bis dass ee selwer seet, elo hunn ech et .
Ecrivez-vous par rapport à votre vécu ou par pure imagination?
Béides
Haben sie je ein Buchprojekt aufgegeben, weil Sie keine Ideen mehr hatten oder nicht mehr weiterwussten?
Jo, dat hunn ech och scho gehat.
Haben Sie noch einen anderen Beruf? Wenn ja, welchen? Ist es schwierig, zwischen zwei Berufen zu balancieren?
Ech sinn haaptberufflech Enseignant an a ménger Fräizäit mécht et mir da vill Freed Kannerbicher ze schreiwen.
Gibt es eine „Message“, die Sie Ihrem Publikum mit Ihren Büchern vermitteln wollen?
Jo, et gi meeschtens e puer Denkustéiss déi ech vermëttele well, allerdéngs imposéieren ech déi net gär, well d’Lieser oft hiren eegene Message aus de Bicher erausfilteren.
Gibt es eine bestimmte Zeit in der Woche oder am Tag zu der Sie schreiben oder schreiben Sie immer spontan?
Ech schreiwen ëmmer spontan wann ech eng Iddi zu engem bestëmmten Thema hunn, allerdéngs setzen ech mir do ni fest Zäiten.
Haben Sie schon einmal bereut, ein Buch veröffentlicht zu haben? Warum?
Bis elo nach net, zum Gléck;).
Lesen Sie gerne? Lesen Sie gerne die Art von Büchern, die Sie auch selbst schreiben oder andere Genres?
Kannerbicher gefale mir ganz gutt, ech liesen der all Dag an der Schoul vir, grad esou wéi doheem fir meng Kanner. Dat mécht mir vill Freed wann d’Kanner do begeeschtert nolauschteren a matmaachen.
Schreiben Sie die Geschichten auf Papier oder tippen Sie alles auf dem Computer?
Ech schreiwe meeschtens um Computer oder Ipad.
Haben Sie früher in Klassenarbeiten (Aufsatz) gute Noten bekommen?
Net ëmmer;)
War es Ihr Kindheitstraum Schriftsteller/-in zu werden oder hatten Sie einen anderen Traumjob?
Ech wollt ëmmer Enseignant ginn, sinn awer ganz frou dass ech dës Leidenschaft och mam Beruff ka kombinéiere.
Wie ist Ihre Meinung zu künstlicher Intelligenz?
KI entwéckelt sech ëmmer wieder, menger Meenung no ginn et vill Chancen, awer och Erausfuerderungen déi ee suergfälteg betruechte muss.