Game Show “Take off”

De Lycée des Arts et Métiers präsentéiert d’Talent Game Show “Take off” , eng gemeinsam Initiativ vun der André Losch Fondation, concept by Rakett 69 an dem Luxembourg National Research Fund.

Dëse spannende Projet vun 13 opreegenden Episoden op RTL mat kniwwelege Science Challengë riicht sech un 12 Jugendlëcher am Alter vun 15 bis 21 Joer.
Als Haaptpräis wénken 10.000 Euros.

D’Ziler vun dëser interessanter Show sinn et d’Wëssenschaft ze fërderen, Rollebiller ze hannerfroen, nei Zilgruppen ze begeeschteren an innovativ pädagogesch Inhalter ze bidden.

Wanns du dech elo ugesprach fills an däin Talent an deng Leidenschaft fir d’Wëssenschaft weise wëlls, da schreif dech an op www.takeoff.lu !

Hei nach puer wichteg Datumer:
Casting Call: 1. Abrëll 2024
Pre-Casting: 7.-8. Juni 2024
Casting (Schlass Veianen): 21. Juni 2024
Produktiounswoch 1: 22.-31. August
Produktiounswoch 2: 7.-14. November
Final: 17.-19. Dezember

Fotoen
Retourner