Françoise REUTER & Daniel EISCHEN

Nb.:Confinement Cocktails ass e Buch matt zwee Elterendeeler: Françoise Reuter fir d’Rezepter vun de Cocktailen a mech selwer fir d’Struktur, d’Story, Texter asw. Photoe hu mir zesumme gemaach. Well ech, den Dan, also méi matt den Texter befaasst war, äntweren ech och déi heite Froen.

PS: meng lëtzebueresch Orthographie ass gräisslëch. Ech äntweren a menger Mammesprooch, wier awer frou wann een dat kéint orthogr. Verbesseren. Merci am viraus.

Wat oder wien huet Iech op d’Iddi bruecht fir Bicher ze schreiwen? Wéi al waart Dir dunn?

Ech maachen zenter eiweg Musek. Klassesch a Rock. Ech hu mat 16 Joer ugefaange Lidder ze schreiwen fir eng Pop Band. Ab do hun ech nie opgehaalen ze schreiwen, mee nie enner Form vu Bicher. Ech hu Kannergeschichte fir de Radio geschriwwen, gehollef u Studententheater ze schreiwen, asw. Mat 30 Joer hun ech eng Publizitéits Agence opgemaach a sinn och do den Haapt „Storyteller“ ginn. Dat huet mir emmer enorm Spaass gemaach. Ech hun och virun 5 Joer ugefaangen un engem Roman ze schreiwen. Confinement Cocktails ass fir mech eng eischt Erfaarung fir eppes oofgeschlossenes ze schreiwen wat 100% meng Story refléteiert.

Wéi kritt Dir Är Iddie fir Bicher ze schreiwen? Wat inspiréiert Iech?

Am Kontext vum Cocktail Buch sinn et haaptsächlech meng Reesen an d’Entdeckung vu lokale Kulturen déi mech inspireiert hunn. Dann natierlech all déi Geschichten déi een entdèckt wann een sech fir en Thema wéi Cocktailen, déi et schon 300 Joer laang gëtt, interesséiert.

Wéi ent vun Äre Bicher ass Ärt Liblingsbuch? Firwat?

Confinement Cocktails 😉

Wéi ee vun all Äere Charakteren ass Iech am änlechsten a firwat?

Ech hu keng Caractèren ausser den anonymen Bar Keeper. Dee gefällt mir ganz gutt.

Wat gefält Iech am beschten um Schreiwen?

Mir gefällt et ze gesinn wéi sëch einfach Gedanke wieder entwèckele kënnen, wéi sech eng Geschicht ergëtt déi nëtt vun Ufank un esou geplangt war. An d’Wieder déi der Geschicht hiet Liëwe ginn.

Iwwert wéi en Thema schreift Dir am léifsten?

Eist sozialt Emfeld, eis Dreem, eis Entäuschungen.

A wéi enger Sproch schreift Dir am meeschten?

Franséich

Wou ass Är Liblingsplaz fir ze schreiwen a fir nozedenken?

An engem Pub an der Lower East Side zu NY.

Wien wëllt Dir mat Äre Bicher erreechen?

Ech hu mir déi Fro nach nëtt gestallt. Hun op alle Fall keng Äntwert.

A wat fir enge Fächer muss ee gutt sinn, fir Schrëftsteller ze ginn?

Am Fach „gleef und eng Dreem“.

Huet Iech schonn e Member vun Ärer Famill fir ee Buch inspiréiert?

Jo. Ech soen awer net wien.

Wéi denkt Är Famill iwwert Är Bicher? Wat sinn hir Liblingsbicher?

Sie kenne just eent a si ganz zefridden domadder. Et gëtt jo coh eppes dobäi ze drenken.

Hutt Dir schonn eng Iddi fir Ärt nächst Buch?

Jo. 

Wat ass Är Meenung zu digitale Bicher (Kindle asw.)?

Ech sinn e Sammler a kann domadder näicht ufänken och wann ech de ganzen Dag mat Computer schaffen. Ech probéieren elo awer emol Audible ze approvoiséieren.

Wéi fannt Dir d’Jugend vun haut?

Super. Sie stellt sech ganz oft déi richteg Froen. Op déi déi aal selten déi richteg Äntwerten hunn.

Avez-vous souvent le syndrome de la page blanche? Si oui, comment y remédier?

Jo. Einfach matt sech selwer schwätzen. Sech selwer interessant fannen an denken et hätt een eppes ze rezielen.

Est-ce difficile de se faire connaître dans d’autres pays?

Jo. An Nee. Mee och wann ee bekannt ass verkeeft een nëtt vill Bicher.

Connaissez-vous la fin de l’histoire quand vous commencez à l’écrire?

Nee.

Ecrivez-vous par rapport à votre vécu ou par pure imagination?

Déi béid. Daat eent dreift daat aanert.

Avez-vous des livres que vous gardez pour vous sans les montrer à personne?

Nee.

Haben sie je ein Buchprojekt aufgegeben, weil Sie keine Ideen mehr hatten oder nicht mehr weiterwussten?

Jo.

Haben Sie noch einen anderen Beruf? Wenn ja, welchen? Ist es schwierig, zwischen zwei Berufen zu balancieren?

Ech si Kommunikatiounsberooder a Marke Strateg. An ech si Patron vun enger Firma. Leider huet en Dag just 24 Stonnen. Kann een nëtt alles maachen.

Gibt es eine „Message“, die Sie Ihrem Publikum mit Ihren Büchern vermitteln wollen?

Discover life and live it to the fullest.

Gibt es eine bestimmte Zeit in der Woche oder am Tag zu der Sie schreiben oder schreiben Sie immer spontan?

Emmer spontan.

Haben Sie schon einmal bereut, ein Buch veröffentlicht zu haben? Warum?

Neen  Ech hu just eent.

Lesen Sie gerne? Lesen Sie gerne die Art von Büchern, die Sie auch selbst schreiben oder andere Genres?

Ech liese gären, vill an all Genren.

Schreiben Sie die Geschichten auf Papier oder tippen Sie alles auf dem Computer?

Computer.

Haben Sie früher in Klassenarbeiten (Aufsatz) gute Noten bekommen?

Ech war e ganz mettelmässege Schüler. 

War es Ihr Kindheitstraum Schriftsteller/-in zu werden oder hatten Sie einen anderen Traumjob?

Schauspiller a Musiker.

Wie ist Ihre Meinung zu künstlicher Intelligenz?

Eng super Saach. Mee leider vill ze vill geféierlech fir eis Kapazitéit se intelligent an ze setzen. Smoking Gun.

Retourner