Expeditioun

Mérite Jeunesse Niveau Bronze

Am Kader vum Projet “Mérite Jeunesse” hunn 10 Schüler(innen) aus dem Lycée des Arts dëse Mount hir Expeditioun fäerdeg gemaach um Niveau Bronze.

Schon am Juni hu si sech am Bambësch a verschiddenen Atelieren, wéi Kaart liesen an e Gaskocher umaachen, op des Expeditioun firbereet.

Vum 1. bis 2. Juli war dunn déi final Expeditioun an d’Schüler(innen) hu sech zu Miersch getraff fir mam Zuch op Kautebach ze fueren. Vun do aus si si Richtung Ettelbréck getrëppelt an hunn uschléissend um “Camping du Nord” iwwernuecht. Et war eng ganz flott Erfarung a si haten eng schéin Zäit zesummen.

Mir felicitéieren hinne fir hiert Engagement am Kader vum “Mérite Jeunesse” an encouragéieren si sou weider ze fueren.
E Merci geet och un hir Tuteuren.

Fotoen
Retourner