Event Crème Fraîche

Event "Crème Fraîche"

Am Kader vum “Luxembourg City Film Festival” hat de Service national de Jeunesse (SNJ) an Zesummenaarbecht mam Centre national de l’audiovisuel e Video-Concours fir Jonker am Alter vun 12 bis 30 Joer lancéiert.

De Concours war an 3 Kategorien ënnertdeelt:
-An der 1. Kategorie ass et drëm gaang e 90 Sekonne laange Clip zum Thema “Held” ze realiséieren. Wärend dem Event “Crème Fraîche” am Kinépolis Kierchbierg den 2. Mäerz 2024 konnt de Public dunn 3 Gewënner auswielen. Mir gratuléieren eise Schüler Timothy O’Brien 2CI , Leslie Bodé 2GACV1, Fynn Herr 2CI a Fiona Ludovicy 3GACV2 fir den exzellenten 1. Prais, esouwéi dem Morgane Verdin-Pol B2CAV, an dem Francois Sfalcin B2CAV fir den 3. Präis.
-An der 2. Kategorie “De Superzenario” hunn d’Participante missen en Zenario ronderëm eng Superkraaft schreiwen. De Gewënnerzenario gëtt dann an Zesummenaarbecht mam SNJ ëmgesat. An dëser Kategorie ass den 1. Präis un d’ Leslie Bodé 2GACV1 an den 3. Präisun den Ibrahim Soumahoro B2CAV aus dem Lycée des Arts et Métiers gaang.
-An der 3. Kategorie “Zenario +” hu sech déi Jonk e Zenario fir e Court-Métrage vu 6 bis 9 Minutte missen iwwerleeën. De Gewënnerzenario gëtt vum SNJ a CNA verfilmt an um Luxembourg City Film Festival 2025 virgestallt. Och an dëser Kategorie konnte sech eis Schüler beweisen an den 1. Präis ass un d’Hannah Bales B2CAV gaang.

Mir felicitéieren all de Participanten a si besonnesch houfreg op eis Schüler fir hir exzellent Plazen.

Fotoen
Retourner