Élèves méritant(e)s
Den 12. Juli war am Lycée des Arts et Métiers déi offiziell Präisiwwerreechung fir seng „élèves méritant(e)s“. An enger feierlecher Zeremonie goufen d’Schüler, déi sech duerch aussergewéinlech Leeschtungen a bemierkenswäert Engagement ausgezeechent hunn, geéiert a kruten e klenge Kaddo iwwerreecht.
Mir gratuléieren hinne ganz häerzlech an encouragéiere si weiderhi sou gutt ze schaffen.
Fotoen