Voie de préparation “Du bass prett!”
Mam « Du bass prett ! » Konzept maache mir d´Schüler*innen prett vir d´Léier an d´Liewen !
Fir dat Zil ze erreeche kombinéiere mir d’Konscht mam Handwierk mat de bestoende Programmer. Eis Ateliersstonne ginn iwwert den apprentissage concret mat der Mathematik an de Sproochefächer verbonnen. Sou kreéiere mir net nëmmen nëtzlech a praktesch Aktivitéiten, mee verbannen dëst mat kreative Prozesser, wou d´ Schüler hir Softskills kënne weiderentwéckelen. Dëst Zesummespill vun « Arts a Métiers » waart ob iech ab September 2022.
Mir si prett, an du ?
Abrëll 2023

Lëtzebuerger Geméis
Haut sinn d´Schüler vun de 7P-Klassen d´Lëtzebuerger Geméis vun der Famill Kirsch kucke gaangen.
No enger kuerzer Erklärung konnten d´Schüler sech e Bild maache wou, wéini a wéi ee Geméis een hei am Land kann uplanzen an dono verkafen.
März 2023

De Kierper an d´Verdauung
Zur Ernärung gehéiert natierlech och de Kierper a seng Verdauung. Fir dëse System besser ze verstoen, kënnen d’Schüler dëst um eegene Kierper «aliewen».
Februar 2023

Aktivitéit Interview
D’Schüler si fläisseg amgaangen Interviewe mat Professionelle virzebereeden.
Januar 2023

Aktivitéit „Pretti-Luucht“
Am Atelier Elektro hunn d’Schüler eng Luucht an der Form vun engem Apel hiergestallt.
Dezember 2022

Visitt Musée „Muerbelsmillen“
D’Schüler kruten en Abléck an den Opbau vun engem Musée a duerfte selwer Moschtert hierstellen.
November 2022

Sortie & Aktivitéit
Nodeems d’Schüler an e Bongert Äppel rafe waren a selwergemaachent Stockbrot um Feier giess hunn, gouf an der Schoul Viz a Kompott gemaach.
Oktober 2022

Journée découverte
Wärend zwee Deeg konnten d’Schüler sech kenne léieren a flott Sportaarten ausprobéieren.
Oktober 2022

Visite Pépinière
D’Schüler waren haut ob der Visitt an enger Pépinère. Hei krute si net nëmmen de Beruff vum Landschaftsgäertner méi no bruecht, mee si hunn och e Bam rausgesicht, deen dono an der Schoul ageplanzt gouf. De Bam hunn d’Schüler “Pretti” gedeeft.
September 2022

Startschoss 7P-Klassen
Eis Schüler aus den zwou 7P-Klasse kruten als Begréissung haut hieren „ Welcome Package“ a kruten d’ Konzept vum Du bass prett! erkläert. Dëst Joer ass d’Thema „Ernährung“ an zum Schluss vum Joer wäerten d’Schüler eng Expositioun am Drescherhaus realiséieren.
Mee-Juni 2022

Culture générale: Epochenarbeit
Schaut euch unsere manuellen Arbeiten der verschiedenen Epochen an, die wir in der Klasse behandelt haben :
das alte Ägypten, die Griechen, die Römer und das Mittelalter
Wir sind sehr stolz auf unsere Resultate !
Eure Klassen 7P5 und 7P6
Mee-Juni 2022

Culture générale: Epochenarbeit
Schaut euch unsere manuellen Arbeiten der verschiedenen Epochen an, die wir in der Klasse behandelt haben :
das alte Ägypten, die Griechen, die Römer und das Mittelalter
Wir sind sehr stolz auf unsere Resultate !
Eure Klassen 7P5 und 7P6
Mee 2022

Kulturrallye: Visite MUDAM
Verschidde Klassen hunn d´Ausstellung vum Lynette Yiadom-Boakye via d’App Actionbound kennegeléiert.
Mee 2022

Stage voile
D´Schüler vun der COP a 5e si fir eng Woch zu Lemmer (Holland) a verbréngen eng Woch ob Seegelschëffer, wou jiddereen eng Hand mat upake muss.
Mee 2022

Visite Härebierg
D’COP Schüler vun Dummeldeng waren den 18. Mee bei dem Informatiounsdag vun der Arméi um Härebierg dobäi. Hei hu si statesch an dynamesch Demonstratiounen gewise kritt an haten no der Mëttespaus d’Geleegenheet selwer d’Material kennezeléieren an auszeprobéieren. Gläichzäiteg konnten eis aktuell Schüler sech mat anciens Schüler vum Lycée austauschen déi iwwert hir Erfahrungen an der Arméi geschwat hunn.
Abrëll 2022

Kulturrallye: Visite Musée National des Mines
Élèves: Patrick et Liedson, 7P6): Sur cette photo, les hommes ont eu une pièce en bois (Mammeklatz) comme récompense. Ils l’ont utilisé pour chauffer leur maison.
Abrëll 2022

Theaterstéck: Fake Facts – Trifolion
D’Schüler vun de COP Klassen vun Dummeldeng waren sech d’Theaterstéck “Fake Facts” mat hire Régents op Echternach an den Trifolion ukucken. No der Presentatioun hun d’Schüler un enger Diskussioun zum Thema Fake News zesumme mat den zwee Acteuren, Anouk Wagner a Pit Simon sou wéi der Regisseurin Dahlia Kentges deelgeholl. D’Klassen sin op d’Virféierung vun engem weideren Theaterstéck am Trifolion ageluede gin, RDV 3.6.2022 fir d’Stéck : happidity.
Abrëll 2022

Projet: Friddensmaart
Och de Volet Engagement wäert am “Du bass prett!”-Konzept eng wichteg Roll spillen. De Friddensmaart (mat 9 Klassen) war e groussen Erfolleg an huet Sue fir d´Kanner an der Ukrain gesammelt. Vill verschidde Stänn (mat Iessen, Gedrénks a Gebastels) hunn d´Schüler an de Kuere selwer initiéiert, organiséiert an dunn den 1. Abrëll duerchgefouert.
Mäerz 2022

Visite: Villa Vauban
Bei dëser Visite hu sech d´Schüler konnten am Beräich “Arts” an “Métiers” weiderbilden. Si sinn net nëmmen, als Virbereedung vun engem Konschtprojet, iwwert verschidden Zeechentechniken informéiert ginn, mee konnten och erausfanne, weivill a weieng Beruffer an engem Musée gebraucht ginn. De Guide huet d´Schüler mat ob d´Rees vun der Konschtgeschicht geholl an dobäi de Schüler och d´Konscht aus Lëtzebuerg méi no bruecht.
Mäerz 2022
Visite: Luxembourg City Museum
Bei dëser Aktivitéit am Luxembourg City Museum hunn d´Schüler vun de COP-Klassen sech ob d´ Beruffer am Musée fokusséiert. E Bléck hannert d´Kulissen huet et de Schüler erlaabt ze gesi weieng Beruffer aktiv beim Ëmbau vun enger Ausstellung bedeelegt sinn.
Mäerz 2022

Projet: Unplugged Messages
D´Klasse vun der 7P hunn zesumme mam Luxembourg multi-LEARN Institute iwwert d´Pandemie geschwat an dorausser e Konschtprojet entwéckelt. De Fokus louch dobäi ob de visuellen Erliefnisser vun de Schüler (an den ënnerschiddleche Medien) an de leschten 2 Joer. D´Ausstellung vun de Konschtwierker wäert nach dëst Joer an de Rotondes sinn.
Februar 2022

Projet: POSTERS
An Zesummenaarbecht mat de Muséeën aus der Staat Lëtzebuerg konnt 7P en Deel vun enger kommender Ausstellung mat decidéieren. Dobäi sinn d´Experte vun de Muséeën an d´Klass komm, hunn de Prinzip vun der Ausstellung erkläert an de Schüler d´Méiglechkeet ginn sech aktiv a kreativ an der Gestaltung ze bedeelegen. Weider Informatioune kommen no, wann d´Ausstellung offiziell presentéiert gëtt.
Januar 2022

Visite: MNHA
Eis zwou 7P-Klassen hunn am Kader vun der CULGÉ (culture générale) eng Visite iwwert den Ursprong vun der Mënschheetsgeschicht alieft. Si sinn dobäi net nëmmen duerch e Guide ënnerstëtzt ginn, mee konnten sech och sou ob hier individuell Projete virbereeden an Informatioune sammelen.
September 2021

“Du bass prett!” Start
Am September 2021 hu sech 9 Enseignanten aus ënnerschiddleche Spezialisatiounen zesummegedoe, fir e neit Konzept fir d´voie de préparation am LAM auszeschaffen. Mat der Ënnerstëtzung vum SCRIPT an dem IFEN wäert am Schouljoer 2022/2023 “Du bass prett!” – Konzept mat de 7P-Klassen ufänken. Am Schouljoer 2021/2022 sinn dowéinst scho vill Visiten a Projete gestart ginn, déi eis sollen Hëllefen d´Konzept optimal starten ze kënnen.