Diplomiwwerreechung 2023

🎓 Léif Primanerinnen a Primaner,

De Lycée des Arts et Métiers gratuléiert iech ganz häerzlech zu ärem Premièresdiplom.

De Wee bis heihi war sécherlech net ëmmer einfach an dir hutt iech vill Erausfuederunge misse stellen. Dir hutt dës mat Bravur gemeeschtert a beswisen, datt dir de néidege Wëllen an Ausdauer hutt fir är Ziler z’erreechen.

Haut sidd dir jonk, engagéiert a selbstbewosst Erwuessener a maacht iech elo mam Premièresdiplom an der Täsch op e neie Wee! Är schoulesch Ausbildung huet iech e zolidd Fundament gi fir är Dreem zu verfollegen an är Ziler ze erreechen.

Mir wënschen iech dobäi vill Erfolleg! 🍀

#youdidit

Video
Retourner