Diplomiwwerreechung

Léif Primanerinnen, léif Primaner,

De Lycée des Arts et Métiers gratuléiert iech ganz häerzlech zu ärem Premièresdiplom. 🎓

Dir hutt an de leschte Joren net nëmme Wëssen a Kompetenzen ugesammelt, mee dir hutt och d’Fäegkeet geléiert iech Erausfuerderungen ze stellen.

Mat Ausdauer an dem néidege Wëllen hutt dir äert Zil erreecht a maacht iech lo mam Premièresdiplom an der Täsch op e neie Wee.

Fannt ären eegene Wee, loosst iech net decouragéieren a loosst iech virun allem an dësen turbulenten Zäiten net manipuléieren. Sidd couragéiert, sidd virwëtzeg a gleeft un Iech selwer.

Är schoulesch Ausbildung huet iech en zolidd Fundament gi fir är Dreem ze verfollegen an är Ziler ze erreechen.
Mir wënschen iech dobäi vill Erfolleg!

Fotoen
Retourner