Diane ORBAN & Myriam KARELS
Wat oder wien huet Iech op d’Iddi bruecht fir Bicher ze schreiwen? Wéi al waart Dir dunn?
Et wor emol, viru guer net all ze laanger Zäit (2018), dass mir eis iwwer eis léifste Kannerbicher ënnerhalen hunn, wat eis un deenen extra gutt gefält a wat manner. Aus dësem Gespréich sinn doropshin Iddien entstanen, déi mir an engem eegene Kannerbuch ëmsetze kéinten.
Nodeems déi Iddien ausgeschwat goufen, hu mir eis e puer Deeg méi spéit erëm beienee gemellt, well eis dat alles keng Rou méi gelooss huet. An deem Moment ass d’Entscheedung gefall de Projet vum eegene Kannerbuch unzegoen, allerdéngs nach mat der Optioun dat Ganzt en cours de route opzeginn, falls et sech net méi richteg ufillt oder eis d’Inspiratioun ausgeet. Dëst stoung allerdéngs ni méi zur Debatt, well mir dunn esou gepaakt, motivéiert an inspiréiert waren, dass et keen Zeréck méi gouf.
Wéi kritt Dir Är Iddie fir Bicher ze schreiwen? Wat inspiréiert Iech?
Bei eis ass éischter d’Fro no « Ween » eis inspiréiert. Dat si ganz kloer eis Kanner, hir Spiichten, hir Aart sech auszedrécken, hir Charaktereegenschaften a souguer hiert Ausgesinn. Fir dat éischt Buch hu mir duerfir eis eelste Bouwen als Modell fir eis Haaptfigure geholl, an am zweete Buch eis jéngste Kanner.
Zousätzlech fléissen awer och nach Erliefnisser aus eiser eegener Kandheet mat eisen Elteren a Geschwëster mat an. Esou sinn eis Geschichte relativ perséinlech an deen een oder aneren huet sech schonn an hinnen erëm fonnt.
Wéi eent vun Äre Bicher ass Äert Liblingsbuch? Firwat?
O, dat ass schwéier soen, well et zwee dach komplett verschidde Bicher sinn. Beim éischten, « De Wëlle leeft am Bësch », läit de Schwéierpunkt op der Lëtzebuerger Sprooch an de Riedewendungen a wat dobäi erauskënnt, wann een se wuertwiertlech hëlt. Dat fanne mir eigentlech nach ëmmer witzeg an de Kanner hir Reaktiounen op eise Liesunge sinn ëmmer flott.
Am zweete Buch, « Et rabbelt an der Broutgaass », wat am Wanter ëm Kleeserchersdag spillt, hu mir eis drëm beméit de Kär vun dëser Zäit, déi mir besonnesch gären hunn, ze erfaassen. Mir hunn d’Geschicht mat Bak- a Basteluleedungen, awer och mat Hannergrondinformatiounen iwwert dës, an der lëtzebuergescher Kultur fest verankerter Traditioun, verbonnen. Mir géingen eis freeë wann och doduerch an de Famille méi zesumme gelies, gesongen, gebak, gebastelt a recherchéiert géing ginn.
Wéi ee vun all Äre Charakteren ass Iech am änlechsten a firwat?
Wéi gesot, sinn eis Charakteren all un eise Kanner inspiréiert, duerfir gesi mir keng direkt Änlechkeete mat eis a sichen déi och net, well an der Kannergeschicht mir de Fokus op si leeë wëllen.
Wat gefält Iech am beschten um Schreiwen?
Um Schreiwe gefält eis dee Moment am Beschten, wou mir eis d’Geschichten zesummen ausdenken. Wou mir allen zwee einfach eis Iddien an de Raum geheien an een deen anere mat senge Gedanken op nei Iddie bréngt. Dëse Brainstorming an Iddiepingpong geet heiansdo ganz laang hin an hir, bis eis Geschicht lues a lues Form kritt a mir eis schlussendlech op eppes eenegen, wat d’Diane dann a Wierder festhält an d’Myriam an den Zeechnungen.
Iwwert wéi en Thema schreift Dir am léifsten?
Do gëtt et u sech kee spezifescht Thema wat mir nenne kéinten. Eis gefält et ënnerschiddlech Richtungen ze exploréieren. Wichteg ass eis dobäi och, dass d’Kanner zousätzlech zur Geschicht nach eppes Klenges bäiléiere kënnen. Bei eise Recherchen zur lëtzebuergescher Sprooch oder dem Kleeserchersbrauch hu mir selwer och dat eent oder anert bäigeléiert, wat natierlech super spannend war.
A wéi enger Sprooch schreift Dir am meeschten?
Eis zwee Bicher sinn op Lëtzebuergesch an doru gefält eis besonnesch mat deene flotten Ausdréck a Riedewendungen ze spillen, déi eis Sprooch ze bidden huet.
Wou ass Är Liblingsplaz fir ze schreiwen a fir nozedenken?
Diane: Ech sinn immens gär um Späicher, dat ass dee Raum am Haus wou ech mech am Léifsten ophalen an am Wuelste fillen. Eigentlech ass et awer sou, dass wa mir grad an der kreativer Phas vum Ausschaffe vun engem Buch sinn, dëse Schreif- an Denkprozess net un eng Plaz gebonnen ass an d’Iddie festgehal ginn egal wou oder wéini se kommen: am Auto, an der Schoul, bei der Famill oder Kolleegen doheem, ganz oft och virum Aschlofen oder an der Nuecht, wann déi Gedanken, déi ee spënnt een net schlofe loossen.
Wien wëllt Dir mat Äre Bicher erreechen?
Mir sinn emol an engem Bicherbuttik onerwaart vun enger Fra ugeschwat ginn: si wollt eis Merci soe fir déi schéin Zäit, déi mir hirer Famill mat eisem Buch geschenkt hunn. Eng aner Kéier krute mir eng Sms vun enger Mamm, déi de Papp aus vollem Hals “Un der Atert” mat de Kanner an der Kummer sangen héieren huet (éischt Buch) oder mir hu Fotoe kritt, déi Kanner am Wäschkuerf mat de Kalzongen um Kapp (éischt Buch) oder beim Bastelen a Bake mat hire Léifsten (zweet Buch) gewisen hunn.
An éischter Linn sinn eis Bicher jo fir d’Kanner. Mä vill vun deene klenge Bicherwierm sinn nach drop ugewisen, dass een hinne virliest an esou hoffe mir, dass eis Geschichte Grouss a Kleng gefalen. Mir wënschen eis, dass schéi Momenter zesummen an der Famill kënne geschafe ginn an dass eis Bicher vläicht e butzegklengen Deel dozou bäidroe kënnen.
A wat fir enge Fächer muss ee gutt sinn, fir Schrëftsteller ze ginn?
Et ass schwiereg fir de Schreifprozess u spezifesch Fächer ze bannen. Et hänkt nämlech dervun of iwwer wat fir een Thema ee schreiwe wëllt. Duerfir ass eng gutt Allgemengbildung wichteg an dass ee weess, wéi ee richteg zu engem Thema recherchéiert.
Wann ee gutt an de Sproochen ass, ass sécherlech vu Virdeel. Wann dat net de Fall ass, muss een sech ee sichen, dee Korrektur liest.
Ganz wichteg ass allerdéngs e Kapp voller Iddien, eng gutt Portioun Motivatioun an e bësse Courage fir alles Ëmzesetzen.
Hutt Dir schonn eng Iddi fir Äert nächst Buch?
Jo, mir hunn nach e puer Iddien.
Wat ass Är Meenung zu digitale Bicher (Kindle asw.)?
Digital Bicher si praktesch fir mat an d’Vakanz ze huelen, well ee sécher genuch ze liesen dobäi huet ouni vill schleefen ze mussen.
Mee am Allgemengen hu mir awer léiwer richteg Bicher an der Hand, wou een d’Säite fillen a riche kann.
Wéi fannt Dir d’Jugend vun haut?
Bei dëser Fro fille mir eis schrecklech al. 😀
Et ass schwiereg fir déi ganz Jugend vun haut an een Dëppen ze geheien. Et gi Jugendlecher, déi a verschidde Beräicher, wéi z.B. Ëmweltschutz, ganz engagéiert sinn, oder ganz kreativ oder sportlech ënnerwee sinn a bei deene sëllegen Aktivitéiten, déi mëttlerweil vun de Gemengen, Jugendhaiser oder an de Schoulen ugebuede ginn, matmaachen. Dat ass mega. An et gi Jugendlecher, déi méi schwéier zu eppes ze beweege sinn, déi sech léiwer passiv vun hirem Handy berisele loossen oder op onnëtz Iddie kommen, mat deenen se sech selwer oder anere schueden.
Duerfir menge mir, dass d’Jugend vun haut net onbedéngt besser, mä awer och op kee Fall méi schlecht ass, wéi zu soss enger Zäit. Si huet just haut mat de soziale Medien an der digitaler Welt ganz aner Méiglechkeeten, déi se entweder positiv oder negativ notze kann.
Ecrivez-vous par rapport à votre vécu ou par pure imagination?
Eis zwou Geschichte bis elo sinn erfonnt, mä et kéint awer sinn, dass verschidde Leit sech an eise Personnagen, respektiv dass een och deen een oder anere Géigestand bei eis doheem, erëmerkennt.
Avez-vous des livres que vous gardez pour vous sans les montrer à personne?
Bis elo net.
Haben sie je ein Buchprojekt aufgegeben, weil Sie keine Ideen mehr hatten oder nicht mehr weiterwussten?
Bis elo och nach net.
Haben Sie noch einen anderen Beruf? Wenn ja, welchen? Ist es schwierig, zwischen zwei Berufen zu balancieren?
Jo, mir si Konschtproff, respektiv Sozialpädagog. Zäitweis, wa mir intensiv un engem Buchprojet schaffen, ass et net ëmmer evident fir tëscht der Aarbecht, dem Familljeliewen an dem Buch ze jongléieren a jidderengem gerecht ze ginn.
An dann ass et och scho mol virkomm dass mir déi eng oder aner Nuetsschicht ageluecht hu fir mam Buch weiderzekommen.
Lesen Sie gerne? Lesen Sie gerne die Art von Büchern, die Sie auch selbst schreiben oder andere Genres?
Jo, Bicher spillen eng grouss Roll an eisem Liewen. Natierlech liese mir gäre Kannerbicher fir eis, an och eise Kanner vir.
Awer net nëmmen. E spannenden oder ënnerhalsame Roman ass och ëmmer gutt.
Schreiben Sie die Geschichten auf Papier oder tippen Sie alles auf dem Computer?
D’Iddie sammele mir zesummen op Pabeier. Mä duerno schreift d’Diane d’Geschicht um Computer. Well et da méi einfach ass fir d’Myriam Wierder a Sätz ëm- oder derbäizeschreiwen.
Haben Sie früher in Klassenarbeiten (Aufsatz) gute Noten bekommen?
Diane: D’Sproochen an d’Konscht ware meng Liblingsfächer an der Schoul an an de Sproochen hat ech am Léifsten d’Aufsätz an d’Analyséieren an Interpretéiere vun Texter a Bicher. Meng Punkten hunn dëst Interessi wat d’Kreativitéit, Opbau a Sprooch erëmgespigelt… am Grammairedeel huet een allerdéngs och heiansdo gemierkt, dass ech doru manner Freed hat. 😉
War es Ihr Kindheitstraum Schriftsteller/-in zu werden oder hatten Sie einen anderen Traumjob?
Diane: Ech hunn ëmmer gären Aufsätz a Geschichte geschriwwen, mä ech hu mir allerdéngs net virgestallt Kannerbicher erauszebrénge bis zu deem Moment wou d’Myriam an ech dee Schrëtt gewot hunn. Mir hu jo och allebéid en anere Beruff a schreiwen d’Kannerbicher net haaptberufflech, mä an eiser Fräizäit. Mir maachen et allerdéngs mat Freed a Leidenschaft, soss géinge mir net esou vill Zäit dran investéieren.