Demokratiewoch 2024
“Demokratie erliewen”
Dëst Joer ass d’Thema vun der Demokratiewoch am LAM “Demokratie erliewen”. An deem Sënn hunn sech 14 Kandidate prett gemaach fir de Walkampf ëm d’Mandater am Schülercomité vum LAM. Si hunn a ville Workshoppe geléiert wéi si sech presentéieren, wéi si hire Programm schreiwen, wéi si fir eng Foto poséieren, wéi hiert Walplakat designed gëtt a wéi hire Walspot gedréint gëtt. Si haten dofir Ënnerstëtzung vun enseignants, awer och vu Matschüler aus der 1TPDG, der 1TPTI an der 2TPTI. Duerno waren si prett fir och en direkt Stëmmen afänken ze goen: An enger foire aux candidats hunn si sech an hire Programm den anere Schüler präsentéiert. An duerno war et un de Wieler ze entscheeden, wien an den neie Schülercomité erakënnt.