Das Alter in Licht und Schatten

Fotoausstellung

Am Kader vum Internationalen Dag vun de Senioren den 1. Oktober hat de GERO (Kompetenzzenter fir Alter) an Zesummenaarbecht mam Ministère de la Famille et de l’Intégration eng Fotoausstellung iwwer “Biller vum Alter” organiséiert. Heibäi goung et virun allem em eng perséinlech Ausenanersetzung verbonnen mat enger kreativ Approche zu folgenden Themen: Facetten vum Alldag, Diversitéit matten am Liewen, Héichten an Déiften.

D’Lynn Blei, de Sam Kirsch, de Noa Litvynenko Borgas an de Ben Wagner vun der 1TPTI aus dem Lycée des Arts et Métiers, begleed vun hirem Enseignant Jos Tomassini, hunn un dëser inspiréierender Fotoaustellung deelgeholl.

Déi bescht Fotoe goufen den 3. Oktober 2023 am Tramsschapp ausgezeechent. Mir gratuléieren dem Ben Wagner fir den 1. Präis, deen hie vum Minister Max Hahn iwwerreecht krut.

Fotoen
Retourner