Christiane KREMER

Christiane Kremer et Emmanuella J. Martija

Wat oder wien huet Iech op d’Iddi bruecht fir Bicher ze schreiwen? Wéi al waart Dir dunn?

Eemol e Buch schreiwen, war ëmmer esou en heemleche Wonsch. Datt et du wierklech geschitt ass 2013, war eng Geschicht fir Kanner, déi ech geschriwwen hat am Kader vum Gesetz iwwer de gläichgeschlechtleche Mariage. D’Buch huet „Mammendag“ geheescht a mat där Geschicht hu mer zu dräi en neie Verlag gegrënnt: Kremart Edition. Zënterhier hu mer vill Bicher publizéiert, net nëmme fir Kanner.

Wéi kritt Dir Är Iddie fir Bicher ze schreiwen? Wat inspiréiert Iech?

Wéi bei „Mammendag“, sinn et dacks Saachen, déi geschéien oder Theemen iwwer déi vill diskutéiert gëtt, déi mech inspiréieren.

Wéi ent vun Äre Bicher ass Ärt Liblingsbuch? Firwat?

Dat ass eng speziell Fro – an dacks gëtt geäntwert: et ass wéi wann een Eltere freet, wéi eent vun hire Kanner se léiwer hätten. Et huet ee se all gär, och wa se all verschidde sinn. Gär hunn ech awer „De Wierdermoler“, dat war eng Kuerzgeschicht an déi éischt Publikatioun fir Erwuessener, déi erauskomm ass.

Wéi ee vun all Äere Charakteren ass Iech am änlechsten a firwat?

Och dat ass eng speziell Fro! Dacks gëtt ee jo och gefrot: Ass et autobiographesch? Ech mengen an all Erzielung stécht ëmmer eppes vun engem selwer, oder eppes, wat een erlieft huet, wat ee beréiert huet. Deemno an all de Charakteren, ob a Kannergeschichten oder a Bicher fir Erwuessener, ass och e Stéck vu mir dran.

Wat gefält Iech am beschten um Schreiwen?

Datt ee ka mat Fantasie Theemen upaken a se vläicht och esou verschaffen, wéi ee sech et géing wënschen oder wéi een iwwerspëtzt kann op eppes opmierksam maachen, wat engem wichteg ass. 

Iwwert wéi en Thema schreift Dir am léifsten?

Ëmmer iwwer dat, wat mech grad beschäftegt oder wat grad am Gespréich ass. Heiansdo sinn dat och Geschichten, déi guer net an dëser Zäit geschéien, mee déi awer e Link derzou kënnen hunn. Dat ass dacks ganz vill Gesellschaftspolitesches.

A wéi enger Sprooch schreift Dir am meeschten?

Op Lëtzebuergesch, well et déi Sprooch ass an där ech denken a well ech fannen, datt se och eng räich Sprooch ass, mat där ee vill soe kann. An op Däitsch, well ech mech do gutt ausdrécke kann an een domadder nach méi Lieserschaft erreeche kann.

Wou ass Är Liblingsplaz fir ze schreiwen a fir nozedenken?

Doheem – um Büro, op der Terrass, souguer heiansdo am Bett.

Wien wëllt Dir mat Äre Bicher erreechen?

Sou vill Leit wéi méiglech. 🙂 Mat dat wëll jo jiddereen. Leit, déi Loscht op Geschichten hunn. Mee och Leit, déi  net esou vill liesen, mee déi een iwwer en direkte Wee mat kuerzen Texter erreeche kann.

A wat fir enge Fächer muss ee gutt sinn, fir Schrëftsteller ze ginn?

Ech denken emol an de Sprooche sollt ee scho gutt sinn a sech och fir Literatur respektiv fir d’Liesen intresséieren. Mee sécher och a Fächer, déi Fantasie a Kreativitéit fërderen. Also och alles, wat Musek, Konscht etc. ass. An eventuell och Geschicht: well do fënnt een dacks d’Basis an där ee seng Geschichte spille loosse kann. An et bezitt ee sech dann och op Fakten. Wat net verhënnert, datt och d’Fantasie soll kënnen agesat ginn.

Huet Iech schonn e Member vun Ärer Famill fir ee Buch inspiréiert?

Jo, scho méi wéi een. Mee dat sinn dann dacks Personnagen, déi an de Geschichten optauchen, ouni datt ee se erkennt.

Wéi denkt Är Famill iwwert Är Bicher? Wat sinn hir Liblingsbicher?

Dat misst ee se da selwer froen, mee ech menge se sinn all ganz frou iwwer mäi Schreiwen.

Hutt Dir schonn eng Iddi fir Ärt nächst Buch?

Eng Iddi schonn. Mee eng Iddi huet een ëmmer iergendwéi. Ob dorausser eppes gëtt – dat bleift dann ofzewaarden. Vläicht taucht jo nees eng aner Iddi virdrun op.

Wat ass Är Meenung zu digitale Bicher (Kindle asw.)?

Ech hunn nach ëmmer gär Bicher am Grapp, mee sécher hunn digital Bicher och hir praktesch Virdeeler: liicht matzehuelen, ekologesch an iwwerall a séier disponibel. Ech liese wéineg digital Bicher, dogéint lauschteren ech awer gär Audio-Bicher.

Wéi fannt Dir d’Jugend vun haut?

Sou wéi d’Jugend an all Zäit an an all Gesellschaft huet d’Jugend vun haut och eng „wichteg Roll“ ze spillen. Si ass et, déi muss Froe stellen, déi déi Erwuessen ofhaken. Si muss kritesch sinn an net lassloossen. Ech mengen dat mécht se och. Dat kann emol ongemittlech ginn, mee well et den Ament net einfach ass weltwäit, mussen déi Froe kommen. Ëmmerhi steet hir Zukunft um Spill.

Avez-vous souvent le syndrome de la page blanche? Si oui, comment y remédier? 

Well ech keng haaptberufflech Schrëftstellerin sinn, sinn ech deem Drock net ausgesat, mee hunn d’Chance dann ze schreiwen, wann Iddi an Inspiratioun do ass. Well ech Journalistin war, hunn ech awer a mengem Job och emol dee Syndrom kannt. Meeschtens hunn ech probéiert, mech net ze vill op dat „wäisst Blat“ ze fokusséieren an aner Saachen ze maachen a meeschtens ass mer dobäi da spontan eng Iddi komm.

Est-ce difficile de se faire connaître dans d’autres pays?

Jo dat ass schwéier, fir net ze soen, bal onméiglech. Ausser et lieft a schafft een an engem anere Land a kann och do publizéieren.

Connaissez-vous la fin de l’histoire quand vous commencez à l’écrire?

Dat hänkt dervun of. Heiansdo weess ech, ob wat ech histeieren an hischreiwe wëll an heiansdo entwéckelt d’Enn sech eréischt iwwer dem Schreiwen. Do huet ee jo Personnagen a senger Geschicht, déi dann op eemol ganz „eegestänneg“ ginn an den Auteur        quasi guidéieren, wéi hir Rollen a Geschichte solle weidergoen. 

Ecrivez-vous par rapport à votre vécu ou par pure imagination?

Och dat ass emol sou an emol sou. Meeschtens kënnt béides beieneen. Et huet ee villes erlieft, dat ee verschafft an da brauch et awer och Imaginatioun, fir dorausser eng spannend oder intressant Geschicht ze schreiwen.

Avez-vous des livres que vous gardez pour vous sans les montrer à personne?

Eege Bicher? Neen. Eege Geschichten, jo, et huet een ëmmer Saachen, déi een emol geschriwwen huet an déi awer an engem sengem Computerarchiv bleiwen. Well se net prett sinn oder well se ze perséinlech sinn.

Haben sie je ein Buchprojekt aufgegeben, weil Sie keine Ideen mehr hatten oder nicht mehr weiterwussten?

Jo, scho méi wéi eemol. Dat ass awer net schlëmm. Da war et net dofir. Heiansdo kënnt et awer och vir, datt een dee Projet erëm opgräift an dann eppes ganz anescht dermat mécht.

Haben Sie noch einen anderen Beruf? Wenn ja, welchen? Ist es schwierig, zwischen zwei Berufen zu balancieren?

Autorin vu Beruff sinn ass schwéier. Dovunner liewe kann een hei am Land bal net. Ech war Journalistin (elo sinn ech an der Pensioun), meeschtens ass d’Schreiwen éischter eppes, wat een niewelaanscht mécht. Mee well mäin „anere Beruff“ och mat Schreiwen a Geschichtenerzielen ze dinn hat, huet dat sech ëmmer gutt ergänzt.

Gibt es eine „Message“, die Sie Ihrem Publikum mit Ihren Büchern vermitteln wollen?

All Geschicht huet sécher hire Message – mee wat de Lieser domadder mécht, dat ass seng Decisioun beim Liesen. Wichteg ass mer, datt d’Geschichten net blesséieren oder diskriminéieren. Datt se och emol op eppes opmierksam maachen, mee op kee Fall wëll ech dee sinn, dee vun uewen erof de béise moralesche Fanger mécht.

Gibt es eine bestimmte Zeit in der Woche oder am Tag zu der Sie schreiben oder schreiben Sie immer spontan?

Meeschtens spontan – ausser, wann ech eng Deadline hunn. Da muss ech mer schonn eng zäitlech Rigueur ginn. Heiansdo rutscht et gutt moies fréi, an heiansdo ass een eréischt méi spéit am Dag inspiréiert, well een da schonn eppes erlieft huet.

Haben Sie schon einmal bereut, ein Buch veröffentlicht zu haben? Warum?

Neen, bis elo nach net.

Lesen Sie gerne? Lesen Sie gerne die Art von Büchern, die Sie auch selbst schreiben oder andere Genres?

Jo, ech liese gär! Dat hänkt awer ëmmer vu mengem Mood of, wat ech liesen. Heiansdo brauch ech e spannende Krimi an heiansdo eng intressant a poetesch Erzielung. An heiansdo och nëmmen e puer cool kuerz Texter.

Schreiben Sie die Geschichten auf Papier oder tippen Sie alles auf dem Computer?

Notizen an Iddie schreiwen ech op Pabeier. D’Geschicht selwer tippen ech awer um Computer.

Haben Sie früher in Klassenarbeiten (Aufsatz) gute Noten bekommen?

Jo Aufsätz schreiwen, war dat, wat ech am léifste gemaach hunn. An ech krut och ëmmer ganz gutt Punkten. Vrun allem am Däitschen! Dat huet dann och gehollef, datt ech fir d’Grammatikprüfungen net méi ganz esou vill hu musse léieren. 

War es Ihr Kindheitstraum Schriftsteller/-in zu werden oder hatten Sie einen anderen Traumjob?

Journalistin (vrun allem am Sport) – awer net just schreiwen, mee vrun allem och schwätzen, wollt ech schonn ëmmer. An dat hunn ech och tatsächlech gemaach.

Wie ist Ihre Meinung zu künstlicher Intelligenz?

Si ass net méi opzehalen a ka sécher hëllefen eist Liewe méi einfach maachen: Zäit spueren oder manner wichteg Aufgabe fir ee maachen. Mee si huet awer och Geforen, wa mir hir alles iwwerloossen a wa mer um Enn net méi wëssen, wéi en „Denken“ dat elo realiséiert huet. Dat kënschtlecht oder dat mënschlecht – och wann dat kënschtlecht vum mënschlechen um Enn zesummegesat gouf.  An da kommen nach d’Probleemer vun den Autorenrechter derbäi, wann engem Autor seng Saachen zum Beispill einfach esou gebraucht ginn ouni Erlabnis an ouni, datt dofir bezuelt gëtt. Oder datt d’KI den Autoren d’Aarbecht ewechhëlt.

Retourner