Carlo SAUBER

Beschreift Iech an 3 Sätz.

Ech sin e Mënsch deen sain Beruff (Kach) zu sénger Passioun an Hobby gemaach huet. Meng Erfahrungen well ech gaeren deelen a weidergin. Dofir halen ech Schoul an maachen Öffentleechkeets Aarbecht.

Mat wéi vill Joer hutt Dir ugefaangen mat schreiwen a wéi huet Äert Ëmfeld dorobber reagéiert?

Ech hun virun 23 Joer ugefaangen Publicatiounen ze schreiwen iwwert Kachen an Iessen. Dëst iwwert den Internet, Télé an awer och Zeitungen a Magazinen. Dëst gett engem eng gewëssen Crédibilitéit an Respekt vun séngen Matmënschen a Schüler.

Wéi e Rot géift Dir enger jonker Schrëftstellerin oder engem jonken Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Schreiwen ass e Moyen de Communication deen emmer séng Daseinsberechtigung behällt.

Kennt Dir vum Schreiwen liewen oder hutt Dir nach een anere Beruff? Wa jo, wéi een?

Neen, well ech dat net als Beruff kéint maachen. Ech sin Enseignant an der Kichen an Nutritioun, a bilden jonk a manner jonker aus déi wellen hiert Liewen an der Gastronomie verdéngen.

Wann Dir Iech misst decidéieren – Wéi eent vun Äre Bicher resp. wéi ee vun Ären Texter sollt een onbedéngt gelies hunn a firwat? Zitéiert eis wgl. ee vun Äre Lieblingssätz aus dësem Buch resp. Text.

/

Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Deelen vun menger Passioun, d’Léift um Pabeier, an d’Weiderbildung déi een sech selwer imposéiert fir d’Recherchen.

Wat inspiréiert Iech fir ze schreiwen?

Leit, Kultur, Gewunnegten an Produkter.

Wéi muss een sech Är optimal Schreifambiance virstellen? Wéini a wou schreift dir am léifsten? Hutt Dir Ritualer beim Schreiwen?

Am léifsten an der Natur ouni e Mensch rondrem.

Wat sinn Är Ziler als Schrëftstellerin resp. als Schrëftsteller fir déi nächst 10 Joer?

Als Geleenheets Schreiwer loossen ech et einfach kommen wéi et kennt. Keng Pläng a keng Zieler. D’Loscht an déi spontan Idee ass de beschten Driww a Moteur.

Wat bedeit fir Iech Gléck?

Ech hun Gléck frou ze sin, an dierfen ze sin.

Retourner