Carla LUCARELLI

Chantiers du désir

Beschreift Iech an 3 Sätz.

Wann ech eng Characteristique misst erauschielen, da wier et dat ech hypocrisie net gaeren hun an emmer Eierlechkeet virzeien. Ech hu brong Hoer. Ech ka mech net beschreiwen.

Mat wéi vill Joer hutt Dir ugefaangen mat schreiwen a wéi huet Äert Ëmfeld dorobber reagéiert?

Ech hun schon op der Universiteit Texter verfaast, Ufaeng vun Theaterstécker, vu Romaner, kleng Gedichter, aawer laang naischt faerdeg gemaach, sou dat dei Saachen einfach an den Tirang geluecht gi sin, oder an d’Dreckskescht, wann ech se als schlecht empfond hun. Main Emfeld huet net vill reageiert, wou ech fir d’eischt publizeiert hun, a meng Mam huet fonnt, ech haett besser meng Fensteren ze botzen, well do geif én jo net mei doduerch gesinn.

Wéi e Rot géift Dir enger jonker Schrëftstellerin oder engem jonken Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Engem jonken Schreftsteller kann ech kee Rot op de Wee ginn, ausser Frustresistenz ze üben, an Ausdauer. E puer gudd Iddien hun, e puer gudd Abschnitter schreiwen, daat kennen der vill. Awer duerno muss én weiderschreiwen, an d’Ausdauer hun, en Text zu Enn ze bréngen, an drun ze feilen, bis en einegermoossen zefriddestellend erschéngt.

Kennt Dir vum Schreiwen liewen oder hutt Dir nach een anere Beruff? Wa jo, wéi een?

Nén, ech ka net vum Schreiwen liewen, daat kennen der ganz weineg. Ech si Franseichprofesser zu Esch am LGE.

Wann Dir Iech misst decidéieren – Wéi eent vun Äre Bicher resp. wéi ee vun Ären Texter sollt een onbedéngt gelies hunn a firwat?Zitéiert eis wgl. ee vun Äre Lieblingssätz aus dësem Buch resp. Text.

Et soll én all meng Bicher gelies hun, virun allem meng Prosa :)) , an ech ka kén spezifeschen Saatz do eraus ziteieren.

Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Et ass en Drang, heiansdo muss einfach eppes op d’Blaat.

Wat inspiréiert Iech fir ze schreiwen?

Alles ka mech inspireieren. Eppes waat ech gesinn, waat ech fillen, e Baam, en aale Mann op der Bushaltestell.

Wéi muss een sech Är optimal Schreifambiance virstellen? Wéini a wou schreift dir am léifsten? Hutt Dir Ritualer beim Schreiwen?

Ech schreiwen am leifsten doheem op mengem Pult. Ech hu keng Ritualer, mais oft, wann ech mat engem Text amgaang sin, liesen ech virdrun, irgend en Auteur op dén ech grad Loscht hun.

Wat sinn Är Ziler als Schrëftstellerin resp. als Schrëftsteller fir déi nächst 10 Joer?

Ech hu keng Zieler. Wann ech Loscht hun, schreiwen ech weider, wann net, wann ech keng Iddien mei hun, ass et och gudd.

Wat bedeit fir Iech Gléck?

Gléck ass eng Kiischt, dei heich uewen um Baam haenkt. An heiansdo, fir ganz kuerz Momenter, wann én heich genuch sprengt, kennt én mat engem Fanger dowidder.

Retourner