CanSat 2024 Winners!!

CanSat 2024 Winners!!

Zwou Equippe vum Lycée des Arts et Métiers hu wärend der “CanSat National Competition 2024”, organiséiert vun ESERO, Präisser géint 12 aner Equippen aus 4 Lycéeë gewonnen.

D’Equipe “Space Banane”, besteeënd aus 5 Schüler aus der Klass 2CI (Tim, Iana, Fynn, Yannik a Luca), begleet vun hiren Enseignantë Paul Sabatini a Claudia Touceira, huet den 1. Präis fir de beschte CanSat Projet 2024 gewonnen! D’Schüler ginn de 17. an 18. Juni op de “CanSat Learning and Celebration Event 2024” an den “European Space Research and Technology Centre” an Holland.

D’Equipe “LAM Skywalker”, besteeënd aus 6 Schüler aus der Klass 2TPSTE (David, Jan, Louis, Julien, Léo, Jo), begleet vun hiren Enseignantë Thomas Kopf a Marc Mootz, huet de Präis fir “Highest Technical Achievement” gewonnen!

Mir gratuléieren de Schüler fir hire Fläiss an Engagement!

Fotoen
Retourner