BTS-Formatiounen

Mir invitéieren Iech häerzlech op d’BTS Informatiounsseance, déi vun der Maison de l’Orientation an dem MESR (Ministère de la Recherche et de l’Enseignement supérieur) organiséiert gëtt.

Hei kritt dir déi verschidde BTS-Formatiounen (www.bts.lu) op lëtzebuergesch a franséisch firgestallt.
Méi detailléiert Informatioune kënnt dir och op de verschiddene Stänn erhalen, an dëst op lëtzebuergesch, franséisch, däitsch oder englesch.

All d’BTS Formatioune (https://btshub.lu/) vum LAM wäerte präsent sinn.

📅 Wéini: 3. Abrëll vun 15:00 bis 17:00 Auer

📍 Wou: Festsall, Lycée Guillaume Kroll (32, rue Henri Koch L-4354 Esch-sur-Alzette)

✏ Mellt Iech bis den 1. Abrëll mam QR-Code um Flyer un !

Mir freeën eis op är Participatioun !

Retourner