Beachvolleyball-Tournoi

🏐☀️ Lycée des Arts et Métiers um Beachvolleyball-Tournoi zu Lëntgen! ☀️🏐

De 17. Oktober war eise Lycée mat 2 Ekippen um LASEL Beachvolleyball-Tournoi zu Lëntgen vertrueden!

D’Ekipp LAM1 huet sech bis an d’Aachtelsfinall gekämpft 💪, wärend fir d’Ekipp LAM2 no der Virronn Schluss war. Trotzdem hunn all eis Schüler super Leeschtunge gewisen!

E grousse Merci un d’Laure, den Emmanuel, Kaixiang, Kian, Jonatan an Samuel fir hire vollen Asaz! 🙌👏

Mir sinn houfreg op iech!

#LAMSport #Teamwork #Beachvolleyball #LASEL

Fotoen
Retourner