Badminton-Championnat

4 Schüler vum LAM waren nees am Kader vun der LASEL am Asaz 🏸

De Bob & de Jing souwéi de Warren an de Kai hunn um Badminton-Championnat am Double deelgeholl. De Kai an de Warren hunn eng staark Gruppephas gespillt, sinn awer leider knapp un der Qualifikatioun fir d’Hauptronn gescheitert.

De Bob an de Jing hunn e feelerfräie Parcours gemaach, all hir Matcher gewonnen a sinn domat verdéngt Champion vun der LASEL ginn 🏆

Grouss Félicitatiounen un eis Spiller!

Fotoen
Retourner