“Award Ceremony” vum “Mérite Jeunesse Luxembourg”
Den 11. Mäerz 2025 war um Campus Geesseknäppchen déi alljärlech “Award Ceremony” vum “Mérite Jeunesse Luxembourg”. Bei dësem wichtegen Event goufe Jugendlecher am Alter vun 14 bis 25 Joer fir hiert ausserschoulescht Engagement ausgezeechent.
De “Mérite Jeunesse Luxembourg”, deen 1993 gegrënnt gouf a mam internationale “Duke of Edinburgh’s Award” verbonnen ass, belount all Joer déi Jonk, déi duerch Sport, Benevolat, Talententwécklung oder Expeditiounen erausstiechen. Dëst Joer war e besonnescht erfollegräicht Joer mat engem neie Rekord vu 323 Laureaten!
D’Präisiwwerreechung war a Präsenz vum Ierfgroussherzog Guillaume, dem Prënz Guillaume souwéi de Ministere Martine Deprez a Claude Meisch.
Mir gratuléieren all de Gewënner vum “Mérite Jeunesse 2025”, an natierlech ganz besonnesch den 17 Schüler aus dem Lycée des Arts et Métiers: Lillie (2GIG), Kian (3TPST), Iara (1GIG), Maxim (1GIG), Guilherme (1GiG), Valérie (2GACV), Leslie (1GACV), Laure (1GACV), Gergely (1GIG), Ben (2C), Cedric (2GACV), Sam, Leo (2GIG), Sebastian (3CI), Anne, Louis (1TPMG) an Timothy (1CI).
Eis Schüler, begleet vum Elsen Célia, Goergen Deborah, Kauffmann Nathalie a Vreva Nusret vum Service éducatif, souwéi vum Roth Fabrice, Direkter vum Lycée des Arts et Métiers, kruten op dëser feierlecher Zeremonie zesummen insgesamt 20 Diplomer: Bronze (10 Schüler), Sëlwer (7 Schüler) a Gold (3 Schüler) iwwerreecht.
Mir gratuléieren hinne ganz häerzlech fir hiert Engagement an hir Efforten!
De Lycée des Arts et Métiers ass houfreg, Deel vun dëser wichteger Initiativ ze sinn an ënnerstëtzt seng Schüler weiderhin an hirem Engagement.
E grousse Merci geet och un hir Tuteuren.
Hei e flotten Artikel iwwer de Louis vun der 1TPMG, deen Deel vun dëser fantastescher Initiativ ass: https://www.lessentiel.lu/fr/story/jeunes-meritants-du-luxembourg-a-la-norvege-le-parcours-en-or-de-louis-20-ans-103299033.
#WORLDREADY #méritejeunesse #LycéedesArtsetMétiers #Luxembourg
Fotoen