Astronaut fir een Dag

📍Den 28. September 2023 war e ganz opreegenden Dag fir déi 35 Gewënner vum Concours “Astronaut fir een Dag” organiséiert vun der Luxembourg Space Agency (LSA).

No engem méintelaangen usprochsvollem Auswielprozess hu sech déi bescht vun 221 Studenten aus verschiddene Lycéeën duerchgesat, dorënner de Louis Bock vun der 4GIG1 aus de Lycée des Arts et Métiers.
A Begleedung vum Minister Franz Fayot konnte si un engem Parabelfluch, engem sougenannte O G-Fluch deelhuelen. Dës speziell Manöveren vum Airbus A310 vu Novespace simuléieren d’Schwéierlosegkeet wärend 20 Sekonnen. 🚀

Et war eng eenzegaarteg an aussergewéinlech Erfarung fir d’Participanten.
Hei dem Louis seng Impressiounen: „Astronaut fir een Dag“ war fir mech eng fantastesch Erfarung an ech si frou, datt ech all Tester gepackt hat, fir schliisslech bei dem Projet konnte matzemaachen. D‘Gefill vun der Schwéierlosegkeet, wann et keen Uewen a keen Ënne méi gëtt, ass wonnerschéi mee onbeschreiflech. Ech hu villes beim Fluch awer och bei den Aktivitéiten den Dag virdru geléiert.

Nom Fluch, deen insgesamt 2 Stonne gedauert huet, si si dunn um Findel vum Grand-Duc Henri, vum Minister Georges Engel, vum Josef Aschbacher (Direkter ESA), vum Marc Serres (Direkter LSA) esouwéi vun hiren Elteren an Enseignanten empfaang ginn.

An hir Aventure ass nach net fäerdeg. Als Ambassadeure vum Weltraum fir dëst Schouljoer wäerte si nach weiderhin un Aktivitéiten deelhuelen, déi et hinne erlaben dëse Secteur besser kennen ze léieren an ze promouvéieren. Als nächst steet am November eng Visitt vum Astronaute-Trainingszentrum vun der ESA zu Köln un.

(Fotoen by Novcespace)

Fotoen
Retourner