Armand SCHMITZ
Wat oder wien huet Iech op d’Iddi bruecht fir Bicher ze schreiwen? Wéi al waart Dir dunn?
Dat hei ass mäin éischt Buch – et war eigentlech net geplangt. Iwwert d’Joren hunn ech de Prozess vum Opbau vu menger Konschtsammlung schrëftlech festgehalen a mech intensiv mat de Kënschtler an hire Wierker ausernee gesat. No menger Pensionéierung virun zwee an en halleft Joer hunn ech ugefaangen, dës Texter z’iwwerschaffen an se an eng lieserlech Form ze bréngen. D‘Texter, begleet vun Illustratioune vu Wierker aus menger Sammlung, hunn ech als PDF un déi Leit weiderginn, déi sech fir meng Sammlung interesséiert hunn. Si hunn dunn d’Iddi bruecht, aus dësem PDF e Buch ze maachen. Ech muss zouginn, datt mir d’Iddi gefall huet, meng Sammlung net nëmmen digital, mee och an enger analoger Form zesummenzefaassen an ze präsentéieren.
Am Januar 2024 hunn ech insgesamt 7 Verlagshaiser hei am Land schrëftlech kontaktéiert an hinnen eng Kopie vu menger PDF-Datei zoukomme gelooss. Vun dräi Editeuren hunn ech eng Réckmeldung kritt. Nieft zwou Ofsoen huet ee Verlag mir proposéiert, mat enger signifikativ finanzieller Bedeelegung vu mir, e Buch ze maachen. Ufanks hat ech gehofft, meng komplett Sammlung vun 115 Kënschtler an d’Buch anzebannen. Leider gouf d’Unzuel vun de Gesamtsäiten vum Editeur esou reduzéiert, datt schlussendlech nëmme 96 Kënschtler am Buch Plaz fonnt hunn.
Wéi kritt Dir Är Iddie fir Bicher ze schreiwen? Wat inspiréiert Iech?
Ech hu bis elo just e Buch geschriwwen, sou datt ech mech net direkt vun dëser Fro betraff fillen.
Wéi ent vun Äre Bicher ass Ärt Liblingsbuch? Firwat?
Och bei dëser Fro fillen ech mech net direkt betraff.
Wéi ee vun all Äere Charakteren ass Iech am änlechsten a firwat?
Och bei dëser Fro fillen ech net net direkt betraff.
Wat gefält Iech am beschten um Schreiwen?
Schreiwen erlaabt mir, meng Gedanken ze strukturéieren an ze reflektéieren. D’Aart vum Text ass dobäi irrelevant.
Iwwert wéi en Thema schreift Dir am léifsten?
D’Theme sollten e sachleche Bezuch hunn an et muss sech ëm een Themeberäich handelen, an deem ech mir duerch meng Erfarungen oder Recherchen ausräichend Wësse konnt uneegnen.
A wéi enger Sproch schreift Dir am meeschten?
Berufflech hunn ech vill op franséisch geschriwwen, wärend ech am private Beräich méi op Lëtzebuergesch schreiwen. Mäi Buch hunn ech ursprénglech op Lëtzebuergesch verfaasst. An Ofsprooch mam Editeur hu mir decidéiert, fir eng franséisch Versioun vum Buch ze maachen, fir esou eng méi grouss potenziell Lieserschaft z’erreechen.
Wou ass Är Liblingsplaz fir ze schreiwen a fir nozedenken?
Ech schreiwen am léifsten doheem a mengem Büro.
Wien wëllt Dir mat Äre Bicher erreechen?
Ech géif mech natierlech freeën, e méiglechst grousse Public mat mengem Buch z’erreechen. Ech sinn awer och frou, wann ech mat dësem Buch konschtinteresséierte Läit d’lëtzebuergesch zäitgenëssesch Konscht méi no brénge kann an si vläicht den een oder anere Kënschtler entdecken, deen si nach net kannt hunn.
A wat fir enge Fächer muss ee gutt sinn, fir Schrëftsteller ze ginn?
Ech ginn emol dovun aus, datt sech schonn an der Schoulzäit weist, ob een Talent a Leidenschaft fir d’Sprooch an d’Schreiwen huet. Et ass wichteg, Freed un de Sproochen ze hunn a Spaass dorunner ze fannen, déi eng oder aner kleng redaktionell Aarbechten ze verfaassen. Ob een no der Schoul nach Studien an engem „Sproochefach“ absolvéiert, schéngt mir manner relevant ze sinn, wann et drëm geet, duerno eng Karriär als Schrëftsteller anzeschloen.
Huet Iech schonn e Member vun Ärer Famill fir ee Buch inspiréiert?
Wéi ech scho virdru beschriwwen hunn, waren et meng Famill a Bekannten, deene mäi PDF-Skript gefall huet an déi mech op d’Iddi bruecht hunn, e Buch doraus ze maachen.
Wéi denkt Är Famill iwwert Är Bicher? Wat sinn hir Liblingsbicher?
Meng Famill ass houfreg, datt ech dat Buch gemaach hunn a verschenkt Exemplairë vum Buch u Frënn a Bekannter.
Hutt Dir schonn eng Iddi fir Ärt nächst Buch?
Ech hätt schonn eng Iddi, déi allerdéngs bis elo nach net an engem Skript ëmgesat gouf.
Wat ass Är Meenung zu digitale Bicher (Kindle asw.)?
Ech selwer benotzen digital Medien, fir Zeitungen a Magazine ze liesen, well ech et sënnvoll fannen, op dësem Wee Pabeier ze spueren a mäin ökologesche Foussofdrock ze reduzéieren. Bicher kafen ech awer nach ëmmer léiwer op Pabeier, well et e ganz anert Gefill vermëttelt an et sech besser ufillt, d’Säite selwer ëmzedréinen.
Wéi fannt Dir d’Jugend vun haut?
Am Verglach zu menger Generatioun steet d’Jugend vun haut viru vill méi komplexen technologeschen, sozialen an ekologeschen Erausfuerderungen, wat net ëmmer einfach fir si ass. Si leet grousse Wäert drop, en eegene Liewensstil z‘entwéckelen, a geet dacks méi kritesch mat gesellschaftlechen Normen ëm, wéi dat nach bei menger Generatioun de Fall war.
Avez-vous souvent le syndrome de la page blanche? Si oui, comment y remédier?
Le syndrome de la page blanche a touché tout le monde au moins une fois et vient d’une peur de l’échec ou d’un besoin de perfection. Accepter que la première ébauche ne soit pas parfaite peut permettre de se libérer et de commencer à écrire.
Est-ce difficile de se faire connaître dans d’autres pays?
Faute d’expérience, je ne peux malheureusement pas répondre à cette question.
Connaissez-vous la fin de l’histoire quand vous commencez à l’écrire?
Je ne me sens pas concerné par cette question.
Ecrivez-vous par rapport à votre vécu ou par pure imagination?
En tant qu’auteur d’un livre thématique, je ne me sens pas concerné par cette question.
Avez-vous des livres que vous gardez pour vous sans les montrer à personne?
Je n’ai écrit qu’un seul livre, donc je ne me sens pas concerné par cette question.
Haben sie je ein Buchprojekt aufgegeben, weil Sie keine Ideen mehr hatten oder nicht mehr weiterwussten?
Als Autor eines einzigen Buches, fühle ich mich von dieser Frage nicht betroffen.
Haben Sie noch einen anderen Beruf? Wenn ja, welchen? Ist es schwierig, zwischen zwei Berufen zu balancieren?
Ich habe erst nach meiner Pensionierung angefangen ein Buch zu schreiben.
Gibt es eine „Message“, die Sie Ihrem Publikum mit Ihren Büchern vermitteln wollen?
Ich möchte mit meinem Buch keine besondere „Message“ vermitteln, sondern vielmehr möchte ich den Lesern meines Buches die Vielfalt und die Schönheit zeitgenössischer luxemburgischer Kunst nahebringen.
Gibt es eine bestimmte Zeit in der Woche oder am Tag zu der Sie schreiben oder schreiben Sie immer spontan?
Ich schreibe nicht zu bestimmten Tageszeiten, sondern immer nur dann, wenn ich Lust dazu verspüre.
Haben Sie schon einmal bereut, ein Buch veröffentlicht zu haben? Warum?
Als Autor eines einzigen Buches, fühle ich mich von dieser Frage nicht betroffen.
Lesen Sie gerne? Lesen Sie gerne die Art von Büchern, die Sie auch selbst schreiben oder andere Genres?
Ich lese gerne und regelmäßig, vor allem deutsche und französische Politik-Magazine sowie Kunstbücher.
Schreiben Sie die Geschichten auf Papier oder tippen Sie alles auf dem Computer?
Ich schreibe fast ausschließlich auf dem Computer.
Haben Sie früher in Klassenarbeiten (Aufsatz) gute Noten bekommen?
Leider waren Sprachen in der Schule nicht meine besten Fächer, so dass ich später ein Studium in naturwissenschaftlichen Fächern bevorzugte.
War es Ihr Kindheitstraum Schriftsteller/-in zu werden oder hatten Sie einen anderen Traumjob?
Ich wollte weder Schriftsteller werden, noch hatte ich einen Traumjob.
Wie ist Ihre Meinung zu künstlicher Intelligenz?
Künstliche Intelligenz kann eine bedeutende Chance für die Menschheit darstellen, wenn sie auf verantwortungsvolle Weise eingesetzt und genutzt wird.