APEMH Näidsen

DP1IC war den 27. Januar op Näidsen bei d’APEMH.

No enger Visite vum Haus, hu si mat de Bewunner verschidden Aktivitéiten ënnerholl. Zesumme goufe Kniddelen a Pizza gemaach, souwéi Fuesmaske gebastelt.

Nom gemeinsamen Iessen hu si eng kleng Fuesparty organiséiert, wou gedanzt a gesonge gouf.
Et war fir jiddereen e ganz flott Erliefnes, wou all Mënsch vill bäigeléiert huet.

Retourner