Anja DI BARTOLOMEO

1. Beschreift Iech an dräi Wieder! 

Engagéiert, openminded, voller Iddien

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir SchrëftstellerIn gi sidd?

Ech hunn nach ëmmer geschriwwen. En Zoufall war et op alle Fall net. 

3.Ass SchrëftstellerIn Ären eenzege Beruff oder hutt Dir nach een anere Beruff?

Wat wiert Dir vu Beruff, wann Dir net SchrëftstellerIn wiert? Wann et en Hobby ass, wéi een anert Hobby hätt Dir, wann Dir net géift schreiwen?

Schreiwen ass fir mech keen Hobby. Et gehéiert zu mengem Job als Independant am Beräich vum Storytelling. Donieft ginn et awer och nach eng ganz Partie aner Saachen, déi ech gäre maachen. Sou zum Beispill meng Presidence vun ALAN Maladies Rares Luxembourg.

4. Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Meng Iddien.

5. Wéi kommt Dir op nei Iddin? Wat inspiréiert Iech? 

Mënschen. Geschichten. Situatiounen.

6. Wéi eng Schrëftstellerin respektiv wéi ee Schrëftsteller liest Dir selwer besonnesch gären a firwat?

Am Moment liesen ech vill Jugendbicher. Ganz gutt gefall huet mer an der lescht „Wolf“ vum Saša Stanišić.

7. Op wéi eng Sprooch schreift Dir haaptsächlech a firwat hutt Dir Iech fir des Sprooch entscheet?

Lëtzebuergesch an Däitsch. Well dat mer einfach fält.

8. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

Koma21 ass en Abléck an d’Liewe vun engem 17-järege Meedchen op Basis vun enger ganz perséinlecher Geschicht. 

9. Wéi gesäit Ären Alldag als SchrëftstellerIn aus?

Meetingen. Schreiwen. Konzepter opstellen. Sport. Workshops plangen. Kachen. Schreiwen. Iddie sammelen. Telefonéieren. Nodenken. Reesen. Compta geréieren. Echange mat anere Leit. 

  • Wéi fänkt Dir un en neit Buch ze schreiwen? Wat sinn déi éischt Schrëtt?

Ech schreiwen einfach. 

  • Schreift Dir all Dag un engem Buch / Text?

Dat hänkt dovun of. Mol jo, mol nee. 

  • Schreift Dir op Pabeier op um Computer? Benotzt Dir eng speziell App / e Programm fir Bicher ze schreiwen?

Am Word.

  • Schreift Dir op enger ganz roueger Plaz oder éischter wann Dir ënnert Leit sidd?

Iwwerall.

  • Hutt Dir, ier Dir ufänkt mat schreiwen, déi ganz Geschicht am Kapp oder entsteet déi am Flow?

Deels, deels. 

  • Wéi laang braucht Dir ongeféier fir e Buch ze schreiwen an op de Maart ze bréngen?

Vun e puer Méint bis zu e puer Joer.

  • Hutt Dir schonn eng Kéier e Buch oder en Text ugefaangen a net fäerdeg geschriwwen?

Natierlech. Ween net?

  • Wat maacht Dir, wann Dir emol keng Inspiratioun fannt fir ze schreiwen?

Da fannen ech se trotzdeem:)😉

  • Wann ee Buch fäerdeg ass, liest Dir et da selwer nach emol ganz duerch?

Jo.

  • Wat ass déi gréisste Schwieregkeet beim Schreiwe vu Bicher?

Dat hänkt vu jidderengem of. Sech vun aneren ze differenzéieren

10. Wéi eng gutt Rotschléi géift Dir engem jonke Schrëftsteller ginn?

Sech ze trauen.  Negativ Kritik net zevill zu Häerz huelen. De Courage behalen. 

Retourner