Young Entreprise Project-YEP

20/04/2023

Den 20. Abrëll war am Tero River House d’Finall vum “Young Enterprise Project-YEP”, organiséiert vun der Asbl Jonk Entrepreneuren Luxembourg.
Bei dësem Projet hunn am Ganze 95 BTS-Studentinnen a Studenten aus 5 Lycéeë matgemaach. Vun den 22 Ekippen hunn der 8 et an d’Finall gepackt, dorënner d’Ekipp “Bright Cleaning” mat de Studente Paul Parries, Max Rollinger a Julian Rousset vum BTS-connected buildings and cities an d’Ekipp “FIXIT” mat de Studente Ben Lucas a Philippe Thorn vum BTS-génie technique aus dem Lycée des Arts et Métiers.
D’Finalisten hunn hire Projet wärend 4 Minutte virun enger Jury präsentéiert.
Den 1. Präis ass dunn un d’Ekipp “Bright Cleaning” gaangen. E grousse Bravo un d’Studente souwéi un hiren Enseignant Djamel Fellag an hire Coach Luigi Losavio! Si konnten d’Jury mat hirer Iddi vun engem autonome Botzsystem vu Solarpanneauen iwwerzeegen. Am Juli kënne si hire Projet op der europäescher Finall “GEN-E” vun der Junior Achievement Europe zu Istanbul virstellen.
Des Weideren ass de Paul Parries vun der Ekipp “Bright Cleaning” aus dem LAM och nach mam “Alumni Leadership Award” ausgezeechent ginn.

Fotoen
Retourner