LAMa
Schülerzeitung
De LAMa, d’Schülerzeitung vum Lycée des Arts et Métiers mam Slogan ‘Mir späizen net op är Meenung’, ass e Sprochrouer vun de Schüler aus dem LAM. All Schüler(in) ka matmaachen an deems en(et) entweder Texter, Karikaturen, Fotoen oder soss Produktiounen eragëtt op schuelerzeitung@ltam.lu. Et kënnen och ganz Klasse matmaachen an zum Beispill Projet’en weisen.
Déi 5. Editioun ass dem 125. Anniversaire vum Lycée gewidmet!