Kajakfueren a Stand-up-Paddling

En Dënschden hunn eis Klassen 7G1 a 7G2 e flotten Dag zu Lëlz um Stauséi verbruecht. ☀️🛶

Beim Kajakfueren a Stand-up-Paddling konnten d’Schüler net nëmmen eng flott Zäit zesumme verbréngen, mee sech och besser kenneléieren, den Teamgeescht stäerken an iwwert sech selwer erauswuessen.

Eng flott Geleeënheet, fir nei Erfarungen ze sammelen an als Klass méi no zesummenzewuessen!

Fotoen
Retourner