Elèves méritants
De 15. Juli war am Lycée des Arts et Métiers déi offiziell Präisiwwerreechung fir seng Élèves Méritants.
Dës feierlech Zeremonie gouf ënnerstëtzt vun der Chambre des Métiers, der Chambre des Salariés, der Chambre de Commerce, der ADETA (Association pour le Développement de l’Enseignement Technique et Artistique) an dem Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse.
An engem festleche Kader goufen déi Schüler geéiert, déi duerch aussergewéinlech Leeschtungen opgefall sinn oder sech besonnesch engagéiert hunn.
Si hu fir hir gutt Resultater an hiren Asaz eng kleng Unerkennung iwwerreecht kritt.
Mir gratuléieren hinne ganz häerzlech a motivéiere si weider esou fläisseg an engagéiert ze bleiwen!