🎓 Ofschlossfeier vun eise 5P Klassen
🎓 Ofschlossfeier vun eise 5P Klassen
De 7. Juli hunn eis 5P Klassen d’Enn vum Schouljoer mat enger flotter Ofschlossfeier gefeiert. Zesumme mat hiren Elteren, Familljen an Enseignanten hu si op dat lescht Schouljoer zeréckgekuckt an d’Aarbechte presentéiert, un deene si mat vill Engagement geschafft hunn.
E ganz besonnesche Moment vum Owend war d’Iwwerreechung vun den Diplomer. Mir gratuléieren all de Schülerinnen a Schüler häerzlech zum erfollegräichen Ofschloss vun de classes inférieures vun der Voie de préparation a wënschen hinnen alles Guddes fir hir nächst Etapp. 👏
No der offizieller Zeremonie konnten d’Invitéen den Owend mat hausgemaachte Schneekegkeeten a flotte Gespréicher ausklénge loossen.
E grousse Merci un all d’Enseignanten, déi eis Schüler op dësem Wee mat vill Engagement begleet an ënnerstëtzt hunn.
Fotoen