🎓Premieren 2025/2026
🎓 Léif Primanerinnen, léif Primaner,
Mir am Lycée des Arts et Métiers felicitéieren iech vun Häerzen zu ärem Premièresdiplom!
Mat ärem Diplom geet eng wichteg Etapp op en Enn. Gläichzäiteg fänkt awer och en neit Kapitel mat villen neie Méiglechkeeten, Erausfuerderungen an Erfarungen un.
An de leschte Joren hutt dir vill geléiert, iech weiderentwéckelt an ëmmer nees bewisen, datt dir mat Ausdauer, Engagement a Courage är Ziler erreeche kënnt. Dorop kënnt dir houfreg sinn.
Egal wéi e Wee dir elo aschlot, op Studium, Beruff oder eng aner Aventure, mir wënschen iech, datt dir är Wäerter an äre Glawen un iech selwer erhaalt. Traut iech, nei Weeër ze goen, Chancen ze notzen an ären eegene Wee mat Iwwerzeegung ze gestalten.
De Lycée des Arts et Métiers ass houfreg op iech a wënscht iech fir är Zukunft vill Gléck a vill Erfolleg.🍀✨
Fotoen