Summerstage 2026
D’Klassen 3GIG1, 3GIG2, 3GSN, 2GIG1 aus dem Lycée des Arts et Métiers hunn eng spannend an erliefnisräich Woch um Summerstage verbruecht.
Direkt no der Arrivée konnt d’Aventure ufänken, mat villen Aktivitéiten, déi Courage, Teamgeescht a Beweeglechkeet gefrot hunn.
Ee vun den Highlights vun der Woch war d’Spéléologie. D’Schülerinnen a Schüler sinn duerch schmuel Fielsgäng gekrabbelt an hunn dobäi déi faszinéierend Ënnerwelt entdeckt. Fir vill war et eng ganz nei an onvergiesslech Erfarung.
Och sportlech Erausfuerderunge stoungen um Programm: Bei der Via Ferrata, beim Fielsklammen bis op 42 Meter Héicht an am Hochseilgarten konnten d’Participanten hire Courage beweisen an sech géigesäiteg ënnerstëtzen. Nieft der Leeschtung stoung och de Spaass ëmmer am Mëttelpunkt.
Fir eng wëllkommen Ofkillung huet de Canon gesuergt. Dobäi goufe Baachen, Fielsen a Waasserpassagen entdeckt, wat fir vill Action an eng eenzegaarteg Naturerfarung gesuergt huet.
De Summerstage war domat eng gelonge Woch voller Aventuren, sportlechen Erausfuerderungen a flotte Momenter, déi sécher nach laang an Erënnerung bleiwen. 🚌🌟
Video