Foire aux Cultures am Lycée des Arts et Métiers
🎉 Foire aux Cultures am Lycée des Arts et Métiers 🌍
Den 22. Mee war zu Dummeldeng am Lycée des Arts et Métiers eis Foire aux Cultures.
D’Schülerinnen a Schüler hunn op verschiddene Stänn d’Länner Südkorea, Kurdistan, Brasilien, Algerien, Albanien an de Kosovo vertrueden an de Visiteuren eng Rei vu lokalen Delikatessen ugebueden.
Dës traditionell séiss a salzeg Spezialitéite hu si gréisstendeels, encadréiert vun den Enseignanten an dem Service éducatif, an der Schoulkiche preparéiert.
🤝 De kulturellen Austausch, d’Deele vun Traditiounen an déi flott Ambiance stoungen am Mëttelpunkt vun dësem gelongenen Dag. Et gouf gedanzt, gelaacht a vill schéin Momenter zesumme verbruecht.
✨ Merci un all d’Schülerinnen a Schüler, d’Enseignanten an de Service éducatif, déi dës Foire zu engem richtege Succès gemaach hunn!
#FoireAuxCultures #LycéedesArtsetMétiers #Diversitéit #Zesummenhalt #KulturellenAustausch
Fotoen Video