Seegelstage

D’Schüler vun de CIP, COP a 5P Klassen, begleet vun Enseignanten a Membere vum Service Socio-Éducatif, ware vum 4. Mee bis den 8. Mee op engem Seegelstage um Ijsselmeer an Holland.

Déi ganz Woch hu si op zwee Seegelschëffer verbruecht, wou si mat vill Freed a Begeeschterung selwer geseegelt sinn. Nieft dem Seegelen haten si och vill Spaass beim Zesummekachen souwéi bei verschiddenen Aktivitéiten an Ausflich.

Dës flott Erfarung huet de Gruppegeescht gestäerkt an de Schüler vill onvergiesslech Momenter bruecht.

Video
Retourner