LuxSkills 2026
De Lycée des Arts et Métiers gratuléiert alle Finaliste vun de LuxSkills 2026 🎉.
E ganz grousse Merci un d’Studente vum BTS RG a BTS IN vum LAM, déi als Finalisten an de Kategorië Graphic Design a Web Development deelgeholl hunn.
Mir gratuléiere besonnesch dem Natacha Dos Reis Gomes, Gewënnerin vum Concours Graphic Design🏆.
E grousse Merci och un all d’Membere vun de Juryen an un d’Enseignanten, déi d’Finalisten op dëse Concours virbereet hunn.
Fir de BTS IN war de Charel Lejeune am Asaz an de BTS RG gouf vertrueden duerch d’Natacha Dos Reis Gomes, Marianne Leal Pereira, Lara Lobo Cardoso, Jeff Merges a Luana Plantone.
👏 Mir si stolz op iech all!
Fotoen