Schoulfoire

🎓 Lycée des Arts et Métiers @ Schoulfoire

De Lycée des Arts et Métiers ass och dëst Joer op der Schoulfoire dobäi a mir freeën eis, iech nach bis den 22. Abrëll op eisem Stand an der Luxexpo ze begréissen!

👉 Kommt laanscht a léiert eis Schoul an eis Formatioune méi no kennen.

Mir bidden eng breet Offer u Formatiounen un:
📘 Enseignement Secondaire Classique (ESC)
📗 Enseignement Secondaire Général (ESG)
📖 Voie de Préparation (VP)
⚙️ Formation de Technicien (DT)
🔧 Régime Professionnel (DAP)

Bei eis kritt dir d’Méiglechkeet är Talenter ze entdecken, är Kompetenzen auszebauen an eng staark Basis fir eng erfollegräich Zukunft ze schafen.

🌐 Entdeckt eis komplett Offer: www.artsetmetiers.lu/wellkomm

#LAM #Schoulfoire2026 #Schoulfoire #ZukunftGestalten

Fotoen
Retourner