Kicker-Turnéier am LAM ⚽️
Kicker-Turnéier am LAM ⚽️
E Méindeg, de 15. Dezember huet d’Kompetitioun am Jugendtreff ugefaangen. 10 Ekippe vu Schüler konnten hiert Kënnen ënner Beweis stellen an ëm den Titel kämpfen.
Mir felicitéiere souwuel de Gewënner vum Turnéier wéi och den Zweet-Placéierten, déi elo d’Méiglechkeet hunn, am Januar géint d’Gewënner vun anere Lycéeën unzetrieden.
Et war ee flotten Turnéier, a mir soen all de Participante Merci fir d’Matmaachen 🙌⚽️.
Fotoen