Konveniat Joergang 1984–1985 am Lycée des Arts et Métiers
Den 28. November huet am LAM de Konveniat vum Joergang 1984–1985, dem éischte Joergang vun der 13ième Technique Générale, stattfonnt.
Méi wéi 30 Ex-Schüler ware fir dësen Owend zeréck an d’LAM komm, hu sech nach eng Kéier hannert d’Schoulbänk gesat a konnten d’Madame Heuskin, eis nei Direktesch, kenne léieren.
Wärend engem flotten Tour duerch d’Gebai koum et zu schéinen an emotionale Gespréicher, déi déi gemeinsam Schoulzäit nach eng Kéier opliewe gelooss hunn.
Fotoen