11. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis
Mir gratuléieren eisen Intervenanten am BTS Cinéma & Audiovisuel, Eric Lamhène an Frédéric Zeimet ganz häerzlech fir hir Auszeechnungen op der 11. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis.
Dem Eric Lamhène säi Film “Hors d’Haleine” gouf als Beschte Lëtzebuerger Film ausgezeechent, an zesumme mat Rae Lyn Lee krut hien och de Präis fir de Beschte Zenario.
“MARGINAL” vum Loïc Tanson a Frédéric Zeimet, produzéiert vu Samsa Film gouf ausgezeechent an der Kategorie Bescht Fiktioun oder Dokumentar Serie oder Transmedia Produktioun.
Mir si ganz houfreg op dës impressionnant Leeschtung a schätzen et besonnesch, datt si hiert Wëssen an hir Passioun och mat eise Studenten deelen.
https://www.rtl.lu/kultur/news/hors-dhaleine-vum-eric-lamhene-ass-de-beschte-film-2356590