Directeur adjoint
D’Direktioun vum Lycée des Arts et Métiers huet mat der Ernennung vum neien Directeur adjoint, dem Här Lou Consbruck, eng wäertvoll Verstäerkung kritt.
Mir gratuléieren him zu senger Nominatioun a wënschen eng glécklech Hand bei der Ausféierung vu sengen neie Missiounen. Mir si voll Vertrauen, datt hie mat Engagement a Kompetenz zu enger weiderhin erfollegräicher Entwécklung vum Lycée wäert bäidroen.
Mir freeën eis op eng konstruktiv a vertrauensvoll Zesummenaarbecht a wënschen him vill Erfolleg an Zefriddenheet an dëser wichteger Funktioun.