“Du bass prett!”

Leschte Freiden hu sech d’Enseignantë vun de Klassen aus der Voie de préparation (7P, 6P, 5P a CIP) an de Klassen AD a COP, déi all ënnert dem Konzept “Du bass prett!” lafen, de ganze Mëtte getraff.

Zil vun dëser Demi-journée pédagogique war et, net nëmmen d’ Joer ze plangen, mee och nei fächeriwwergräifend Sujeten ze fannen an dës opzebauen.

Nieft der Presentatioun vun den Ëmfroen déi lescht Joer gemaach goufen iwwert den “Du bass prett!” (mat Schüler, Elteren, Enseignanten a Patronen) an der Aarbechtsopdeelung vun eisem Schoulgaart, goufen och di nei Enseignanten an eisem Departement begréisst.

Mir wënschen all de Schüler an Enseignanten e gudde Start an d’Joer.

Fotoen
Retourner