4TPMG (Mécanique générale) / DC1MI (Concomitant Mécatronique)
Am éischte Semester vun de Klassen 4TPMG (Mécanique générale) an DC1MI (Concomitant Mécatronique) léieren eis Schüler d’Grondfäegkeete vun der Metallbearbechtung 🔩🛠️
An dësem Kontext hunn d’Schüler hiert Wëssen an hir Kompetenzen an d’Praxis ëmgesat, andeems si eng Grondplack souwéi Säitendeeler mat Feilen, Gewindeverbindungen a Passstëft-Verbindungen hiergestallt hunn. A Kombinatioun mam 3D-Drock ass doraus dat bekannte Spill „4 gewinnt“ entstanen.
Falls Dir Iech fir weider Informatiounen iwwert de Beräich Mécanique générale (DT oder DAP) oder eng Leier an der Mécatronique interesséiert, kënnt Dir Iech gäre bei sam.elsen@education.lu mellen.
Fotoen