3D-Versioun vum Maskottche vum ECG

by 3TP3D

Dëst Schouljoer huet d’Klass 3TP3D aus dem Lycée des Arts et Métiers am Fach “Dipro” bei hirem Enseignant dem Här João Silva Pereira un enger 3D-Versioun vum Maskottche vum ECG geschafft.
De beschten Entworf gouf ausgewielt a bei engem Fournisseur geprint.

Den 10. Juli war dunn a Präsenz vum Direkter vum ECG déi offiziell Präisiwwerreechung. De Lou Lenert, deem säin Entworf zeréckbehal ginn ass, krut vum Direkter vum ECG den 3D-Stéier iwwerreecht. Seng Matschüler(inne) kruten och e klenge Kaddo.

E grousse Bravo un déi ganz Klass, un hiren Enseignant a ganz besonnesch un de Lou!

Photos
Retourner