D’Madame Kim Heuskin iwwerhëllt d’Direktioun vum LAM
Ab dem 1. August 2025 iwwerhëlt d’Madame Kim Heuskin d’Direktioun vum Lycée des Arts et Métiers. Mir wënschen hir fir dës nei Erausfuerderung alles Guddes, vill Kraaft, Freed an Erfolleg. Mir si fest dovun iwwerzeegt, datt si mam néidege Bléck no vir, mat Kompetenz an Engagement, dës Aufgab meeschtere wäert an de LAM positiv an d’Zukunft féiert.
Gläichzäiteg soe mir dem Här Fabrice Roth e ganz grousse Merci fir déi exzellent Aarbecht, déi hie wärend de leschte siwe Joer als Direkter geleescht huet. Säin Asaz, seng Visioun an säin Engagement hu vill zur positiver Entwécklung vun eiser Schoul bäigedroen. Dofir e ganz häerzleche Merci!