30.10.2026
Visitt vum Chamberpresident Här Claude Wiseler
Am Kader vun der Demokratiewoch hate mir d’Éier, e Freideg, den 30. Oktober 2026, de Chamberpresident Här Claude Wiseler bei eis um SD ze begréissen.
Eis Schülerinnen a Schüler haten d’Geleeënheet hir Froen ze stellen a sech iwwer d’Demokratie auszetauschen.
Dobäi konnt den Här Wiseler och eisen neie Schülercomité besser kenneléieren.
👏 E grousse Merci un den Här Wiseler fir säi Besuch an den interessanten a flotten Austausch!
#Demokratiewoch #Demokratie #Schülercomité #Chamber #LycéedesArtsetMétiers
Fotoen