DU BASS PRETT!

Prix d'inspiration

D’Klassen 7P5 a 7P6 (Joergang 2022-2023) aus dem Lycée des Arts et Métiers hu mat hirem Konzept “Du Bass Prett!!” zum Thema Ernärung de “Prix d’Inspiration” vum Zentrum fir politesch Bildung gewonnen. De Präis ass mat engem Scheck vun 450€ dotéiert.

Den 25. Oktober 2023 war déi offiziell Präisiwwerreechung am Forum Geesseknäppchen. D’Freed vun de Schüler war riseg an dëse Präis ass eng immens schéin Unerkennung fir déi vill Aarbecht, déi si geleescht hunn.

Mir wënschen dem “Du Bass Prett!!” och dëst Joer vill Freed an Erfolleg!

E grousse Merci un den ZPB (Zentrum fir politesch Bildung), der André Losch Fondatioun an dem Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse.

Fotoen
Retourner