CAW
Vum 14. bis de 17. Mee haten d’Schüler vun der 3TPDG déi fantastesch Geleeënheet, hir Wierker an der Galerie communale zu Walfer auszestellen.
Begleet vun hirem Enseignant Christian Frantzen, hu si dës Ausstellung selwer preparéiert an organiséiert. De Verkaf vun hire Meeschterwierker huet der Klass 2.970 Euro abruecht.
Mir soe der Gemeng Walfer souwéi der Galerie communale vu Walfer (CAW) e grousse Merci, datt si eise Schüler dës Ausstellung erméiglecht hunn.
E grousse Bravo un eis talentéiert Schüler an hiren Enseignant fir hiren Asaz an hiert Engagement!
Fotoen