Optioun Sciences 3GSN1
Am Kader vun der Optioun Sciences hu sech d’Schüler vun der Klass 3GSN1 mat der Fro beschäftegt, wéi insektefrëndlech de Site Lampertsbierg vum Lycée des Arts et Métiers ass an hunn och selwer Stauden ugeplanzt.
Eng flott Erfarung war de Besuch beim Service des Parcs vun der Stad Lëtzebuerg, wou d’Klass hir Froen direkt stelle konnt. D’Mataarbechter vum Service hu si kompetent bei der Wiel vum passende Buedem a vun de richtege Planzen ënnerstëtzt – e grousse Merci fir déi wäertvoll Hëllef!
Mat vill Engagement hunn d’Schüler verschidden Aufgaben iwwerholl – vum Befëlle vun de Planzebacke bis zum Arrangéiere vun de Stauden.
D’Resultat léist sech weisen: Eng méi naturfrëndlech, lieweg Plaz.
Fotoen