Visitt vun der Chamber

De 15. Januar 2025 hunn d’Studente vun de Klasse B2CBC a B2GT vum Lycée des Arts et Métiers am Kader vum REGMO-Cours (Regards sur le monde) eng Visitt vun der Chamber gemaach.

Den Alex Donnersbach, Deputéierten, huet si duerch d’Chamber geféiert an hinnen dobäi Explikatioune zu der Geschicht an dem Fonctionnement vun dëser Institutioun ginn.

Den Här Donnersbach huet op d’Froe vun deene Jonke geäntwert a mat hinnen iwwer d’Erausfuerderunge vun der lëtzebuerger Politik diskutéiert.

Eng beräicherend a faszinéierend Erfarung!

#REGMO #ChambreDesDéputés #LycéeDesArtsEtMétiers

Photos
Retourner